Search

You may also like

geek
Strategie vun der elektronescher Gouvernance 2021-25
Neiegkeeten

Strategie vun der elektronescher Gouvernance 2021-25

De Pabeier deen hei als „Gouvernance électronique 2021-2025“ virgestallt gëtt,

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?
Neiegkeeten

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?

De Verkéiers- an Nohaltegkeetsminister huet gëschter drop higewisen, datt déi

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!
Neiegkeeten

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!

Genau wéi d’Mënsche verdéngen och Déieren d’Recht op Liewen, Fräiheet

Neie Stroossebelag fir d‘Clausen- an d‘Neiduerf-Strooss

Neie Stroossebelag fir d‘Clausen- an d‘Neiduerf-Strooss

Vum 11. bis den 13. September kritt de Stroossebelag an der Clausener- sou wéi an der Neiduerfer Strooss eng nei Couche. An dësem Kader informéiert d’Stad Lëtzebuerg Iech, datt et zu Ännerungen a Stéierungen am Stroosseverkéier ka kommen. Och de mobillen Transport ass betraff.

Et kënnt zu folgenden Ännerungen:

  • D’Clausener Strooss gëtt fir de gesamte Verkéier gespaart.
  • D’Neiduerf-Strooss (den Ofschnëtt vun der Clausener Strooss an der Hausnummer 42) gëtt fir de gesamte Verkéier gespaart.

Selbstverständlech suergt de Service vun der Zirkulatioun vun der Stad Lëtzebuerg fir eng uerdentlech Beschëlderung.

Wärend den Aarbechte kënnt et am ëffentlechen Transport zu folgenden Ännerungen:

  • D’Linn 9 wäert tëscht der Bannestad an Neiduerf-Brasserie iwwert de Kierchbierg-Plateau ëmgeleet ginn. D’Arrête Badeanstalt, Um Bock/Kasematem, Plateau Altmunster, Clausener Bréck, Malakoff, Hierzekrëpp, Fixmer an Neiduerf-Kierch ginn annuléiert. Ersatz-Arrêten huet et bei der Fondatioun Pescatore an der Neiduerf-Brasserie.
  • D’Linn 26 wäert tëscht Clausen an Huesegrënnchen a béid Richtungen iwwert de Fetschenhaff an den Cents verkéieren. D’Arrête Malakoff, Hierzekrëpp, Fixmer an Neiduerf-Kierch gi suppriméiert. Ersatz-Arrêten si Clausener Bréck an Neiduerf-Brasserie. Vum Stadzentrum an d’Richtung Cents Waassertuerm féiert d’Linn CN1 iwwert de Fetschenhaff an den Cents.
  • D’Arrête Malakoff, Hierzekrëpp, Fixmer, Neduerf-Kierch, Neiduerf-Brasserie, Neiduerf-Kapell, Laangegronn, Fierschterhaus a Kalchesbruck gi suppriméiert. Den Arrêt Clausener Bréck Quai 1 gëtt duerch de Quai 3 remplacéiert.
  • Fir a Clausen eran ze kommen, ginn d’Reesender gebieden, d’Linne 14,15 an 23 ze notzen.

Et bleift nach ze soen, datt d’Aarbechten duerch schlecht Wiederbedingungen op een aneren Datum geréckelt kënne ginn.

Related topics Chantier, Clausen, Ëffentlechen Transport, Neiduerf, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post