Search

You may also like

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!
Kultur Neiegkeeten

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!

Haut gëtt et um groussherzoglechen Haff nees eng méi ze

Vatikan: Kee Seege fir homosexuell Koppelen
Kultur Neiegkeeten

Vatikan: Kee Seege fir homosexuell Koppelen

D’Pirate bedaueren zudéifst, dass d’kathoulesch Kierch mat hirer Responsum ad

Déidleche Familljesträit zu Géisdref
Kultur Neiegkeeten

Déidleche Familljesträit zu Géisdref

De Sonndeg, den 13. Juni 2021 gouf de Parquet vun

De Superjhemp flitt duerch Miersch – emotionale Vernissage am CNL!

Ee Stéck Traditioun, dat ee sech vum 5. Juni bis den 29. November ukucke kann

Pünktlech zur Verëffentlechung vum Buch „Superjhemp – Ënnert dem Röntgenbléck“ ass gëschter Owend déi wonnerbar Ausstellung am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch offiziell opgaangen. Dobäi sinn net nëmmen einfach Wierker mam Superjhemp vun Czuga an Leiner duergestallt, mee et konnt ee Stéck Lëtzebuerger Traditioun opgegraff ginn, wéi och de verstuerwene Comiczeechner fir seng Aarbecht a Kreativitéit geéiert ginn. Doduerch sollt et een immens emotionale Vernissage ginn.

Een Dag am viraus huet d’Press d’Expo dirfen erliewen, an et kann een nëmme soen: se waren all baff! Esou war et kee Wonner, datt scho virum eigentlechen Optakt vum Vernissage um 19:30 Auer de Sall am CNL strubbelvoll war, an esou huet ee souguer de Sall niewendru misse mat bäi huele, fir all d’Gäscht placéiert ze kréien. Schliisslech wollt kee vun den zuelräiche Gäscht sech dëst Evenement entgoe loossen. De Superjhemp gehéiert mat sengem Kachkéis nämlech zu Lëtzebuerg wéi de Punkt op den i.

Grond fir sech esou intensiv mam nationale Superheld auseneen ze beschäftege war, datt et – esou de Claude D. Conter – keng Ausenanersetzung méi mam beléifte Comic gëtt. Passend zum Titel mam Röntgenbléck gëtt hei nämlech de Superjhemp bis an de klengsten Detail analyséiert, wouduerch a fënnef Säll, souwuel generell de Comic zu Lëtzebuerg, wéi och den nationalen Held u sech ënnert d’Lupp geholl gëtt.

An all Sall gëtt et dobäi eng sougenannte „Pièce Majeur“, déi besonnesch erausstécht. Dozou gehéiert beispillsweis dat kartographéiert Land Lëtzebuerg, wou d’Nimm op lëschteg Aart a Weis verännert gi sinn, oder och dat eenzegt jee geschafent Uelegbild vum Roger Leiner.

Wéi et sech gehéiert sinn och vill Mercie verdeelt ginn. Schliisslech war et eng Aarbecht vu ville Méint, bei der eng Datebank huet missen opgebaut ginn, Texter hu misse geschriwwe ginn, de Layout vun der Ausstellung huet missen entstoen, de Katalog a sou villes méi. Ee besonneschen, a virun allem emotionale Merci ass un d’Famill Leiner gaangen, woubäi déi eng oder aner Tréin gefloss ass.

Superjhemp

D’Ausstellung ass natierlech am Detail erkläert ginn © Shari Pleimelding/moien.lu

Um Vernissage huet natierlech och de Lucien Czuga ee Wuert gesot a sech gefreet, datt ee sech esou „immens mat 30 Joer Connerië beschäftegt“ huet. Hien ass immens frou e geréiert, datt d’Zesummenaarbecht tëscht dem Lucien an him esou an Éiere gehale gëtt. Dobäi ass hien an de fënnef Säll Saache gewuer ginn, déi hie selwer emol net wousst. Fir hien ass et déi schéinst Superjhemp-Ausstellung, déi et jeemools ginn ass!

An och d’Fra vum verstuerwene Comiczeechner konnt nëmme jiddwerengem Merci soen, fir dës enorm Aarbecht. Doduerch, datt hire kreative Mann säit Kannerzäite keng Zeechnung ewech gehäit huet, konnt een am Keller an um Späicher esou vill Material kréien, dat elo fir jiddwereen zougänglech an op enger sécherer Plaz ass. Et ass zwar schued, datt de Roger dës Evolutioun net méi ze gesi kritt, an awer wier hie bestëmmt stolz, dës Opmaachung am CNL ze gesinn.

An dësem Kader konnt och d’Kulturministesch Sam Tanson gratuléiere fir esou eng flott Ausstellung, bei der ee Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht gewise gëtt.

Weider Informatiounen

Vum 5. Juni bis zum 29. November kann een d’Ausstellung am CNL (2 Rue Emmanuel Servais, 7565 Miersch) bewonneren goen. Sonndes, den 30. Juni ass iwwregens vun 10:00 bis 18:00 Auer Porte Ouverte, woubäi guidéiert Visitten a Lëtzebuerger Sprooch ugebuede ginn. An net vergiessen an d’Tierräng ze kucken!!!

Related topics Ausstellung, CNL, Comic, Lucien Czuga, Roger Leiner, Superjhemp
Next post Previous post