Search

You may also like

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!
Kultur Neiegkeeten

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!

D’Veterinärsverwaltung rifft d’Déierebesëtzer dozou op, bei héije summerlechen Temperature besonnesch

Expovin statt Springbreak
Kultur Neiegkeeten

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!
Kultur Neiegkeeten

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen

De Superjhemp mat ausschliisslech SUPER Bewäertungen

Um vergaangene Freideg war déi offiziell Avant-Première vum Superjhemp Film. Eisen nationale Superheld huet dobäi ee grousst Publikum, souwéi Honoratioren an de Kinepolis an d’Stad Lëtzebuerg gezunn.

Nieft dem Xavier Bettel, den mat sengem Mann de Film kucke wollt, ass een och op de Francois Bausch getraff, den d’Seance gespaant verfollegt huet. Mee och d’Acteure a Realisateure vum Superjhemp ware present. Dorënner konnt een d’Désirée Nosbusch, wat am Film d’Félicie Kuddel spillt, de Serge Tonnar an natierlech den André Jung, den de Superjhemp spillt, untreffen.

De Félix Koch, Realisateur vum Film, huet sech freedeg gewisen endlech dem grousse Publique dëst Wierk iwwert d’Lëtzebuerger Kultfigur kënne virzestellen. A wei et ze erwaarde war, hunn d’Spectateure grouss Begeeschterung gewisen. Un dësem besonneschen Owend konnt ee just positiv Kritik, pur Euphorie an Enthusiasmus verspieren.

Ab dem 24. Oktober kann een de Film offiziell an de Lëtzebuerger Kinoen kucke goen. Sidd gespaant! Hei fannt Dir den Trailer zum Film:

Related topics André Jung, Avant-Première, Désirée Nosbusch, Félix Koch, Film, Superheld, Superjhemp, Superjhemp Retörns
Next post Previous post