Search

You may also like

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?
Neiegkeeten

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Iwwerzeegten Demokraten

Europa geet et net esou gutt, an dat ass net

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)
Neiegkeeten

Wann den Ausseminister besuergt ass… (e Kommentar)

Zanter ee puer Deeg deet sech eppes an der Golfregioun,

De Vëlo huet eng Plaz an all Gemeng

Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ stellt Fuerderungen

De Vëlo huet eng Plaz an all Gemeng

Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet oder der Ëmwelt zu Léift, ass do scho bal Niewesaach. De Staat an d’Gemengen kënnen den Drotiesel awer zousätzlech interessant maachen.

Et herrscht Wahlkampf am Land. Mee net nëmmen d’Parteien ginn aktiv, och d‘Associatiounen fänken un, Fuerderungen ze stellen. Dorënner och d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI). Sechs Punkten hu si definéiert, déi a kengem Wahlprogramm feelen dierfen.

A wou dréckt de Schong besonnesch? „Virun allem beim Mobilitéitskonzept gëtt et bei ville Gemenge Nohuelbedarf“, erkläert eis de Philippe Herkrath vum LVI. Souguer wann se eent hätten, géif dat oft am Tirang leie bleiwen. Och déi revendiquéiert Mobilitéitsbeoptraachte géife sech nach rar maachen.

Loft no uewen

Eng allgemeng Verbesserung vun den Infrastrukturen fir Vëlosfuerer gëtt vum LVI och gefuerdert. Lücken am Net an behiewe vu Mängel an der existéierender Infrastruktur sinn do nëmmen ee Volet. Et wier och wichteg, datt adequat Ofstellplaze bei den ëffentleche Gebaier do wieren. An eng uerdentlech Beschëlderung wier och e Muss, esou de Communiqué vun der Initiativ. En plus kann all Gemeng mat guddem Beispill virgoen, pardon, virfueren a selwer op de Vëlo setzen. Och d’Betriber an de Gemengen kéinte motivéiert ginn, hei faarw ze bekennen.

Wat net feelen däerf: Eng vernënfteg Landes- a Stadplangung, wou dem Vëlo e gewëssent Gewiicht zougestan gëtt. Do soll de Vëlo sech op Aenhéicht mat den anere Verkéiersmëttele befannen an d’Sécherheet an d’Geschwindegkeet vun de Verbannungen ausgebaut ginn.

Méi Informatiounen fannt dir och um Site vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Related topics Douce Mobilitéit, Lëtzebuerg, LVI, Vëlo
Next post Previous post