Search

You may also like

Risk vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten Sport

Risk vu Bëschbränn och zu Lëtzebuerg

Déi besonnesch héich Temperaturen an d’Dréchent bréngen Risiken fir Mënsch

money
OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen
Meenung Neiegkeeten Sport

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi

Zukunft ass méi!
Meenung Neiegkeeten Sport

Zukunft ass méi!

An der „Endphas“ vun der Campagne fir d‘Chamberwahlen, hunn sech

Editorial: De verluerene Benevolat

Editorial: De verluerene Benevolat

Et war dës Woch vill rieds vum Mangel u Benevollen an de Sportveräiner. Wann et wuel richteg ass, datt d‘Pandemie dee ganze Problem nach eppes accentuéiert huet, esou ass dëse Problem wéi vill anerer net nei. Et kann een zwar d‘Penurie u Fräiwëllegen am Sport wuel net mat der Penurie am Gesondheetssecteur oder der Logementskris vergläichen, allerdéngs ass och kee vun de Problemer iwwer Nuecht entstanen.

Mat sengem Appell: „Du bass de veräin, gëff Benevole“ huet de Sportminister Dan Kersch schonn ee flotte Motto an de Raum gestallt. D‘Campagne, fir de Rekrutement vu Fräiwëllegen, geet schonn an dat zéngt Joer, an eleng de Fait, datt ee Joerzéngt offensichtlech net den erwënschten Effet mat sech bruecht huet, sollt net nëmmen der Politik, mee wuel och de Sportverbänn an hire Veräiner ze denke ginn. Näischt geschitt zoufälleg…

Zudeem muss et erlaabt sinn sech eng Rei Froen zur Sensibiliséierungscampagne ze stellen. Wann een sech nach kann domadder ufrënnen, datt de Sportsministère seng Facebook an Instagram Säite beméit, et duerchaus probat dierft sinn, Banner a Werbeplakater an de Sportinfrastrukturen (a firwat och net an de Schoulen) opzehänken, esou hätt ee gären eppes zum Rôle vu externe Kollaborateur Bertelsmann gewosst.

Dat geet eis näischt un, an et war net den Dan Kersch deen den Deal mam däitsche Mediepartner agaangen ass, dat war de Xavier Bettel. Wat eis awer eppes ugeet, ass de Fait datt hei op neits eng national Campagne nees de politesch Mediepartner soll virbehale bleiwen. Gutt dat ass ee Choix, a well et schonn zéng leeft, an den Erfolleg sech net astelle wëll, ass et wuel och besser d‘Fangeren dovunner ze loossen.

Et huet dann och eng Rei Grënn, firwat et esou moer bestallt ass mat de Benevollen. Zum engen hu Leit haut eppes aner Interessen, wéi (an dat ass leider eppes vill de Fall) sech ëm d‘Krapperte vun anere Leit ze këmmeren an als Merci dofir just Virwërf entgéintgehalen ze kréien. Zum anere feelt et hei un Attraktivitéit, wéi et den Arbittermangel an alle Sportaarten ënnersträicht. Och de Beholl vun de Kanner sollt berécksiichtegt ginn..

Illustratioun: Net nëmmen am Sport feelt et u Benevollen. D‘Pompjeeën am Land sinn op all déi Fräiwëlleg ugewisen, Veräiner mat enger zivilgesellschaftlecher Ausriichtung och. Bedenkt een nach hei de Stress, dee mat der Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit anhier geet, et zuweilen noutwenneg ass nach ee bezuelten Niewenjob unzehuele fir de Loyer gedeckelt ze kréien… © Fitsum Admasu / unsplash

Related topics Attraktivitéit, Benevolat, Campagne, Dan Kersch, Fräiwëlleger, Sport, Sportminister
Next post Previous post