Search

You may also like

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?
Neiegkeeten

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?

Fir den Ament ass just gewosst, datt dem Boris Johnson

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner
Neiegkeeten

Rockefeller Center: Grousse Chrëschtbeemchen, klenge Bewunner

Och d’Feierdeeg am Wanter ginn an den USA am XXL-Format

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches
Neiegkeeten

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

De Welt-Pressedag 2017, erkläert

De Welt-Pressedag 2017, erkläert
Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der Press statt. Wéi all Joer gëtt dobäi op déi wäertvoll Aarbecht vun der Press higewisen. Mee et ginn net nëmme gutt Noorichten un deem Dag: Och d’Problemer, déi Journalisten op der ganzer Welt begéine, ginn an de Mëttelpunkt gestallt. Dëst soll net nëmmen de Leit do bausse kloer ze maachen, wéi wichteg eng fräi a kritesch Press ass. Si déngt och dozou, de Leaderen op der ganzer Welt dëst ze verdäitlechen.
All Editioun huet och säin eegene Slogan. Dee vun desem Joer ass „Critical Minds for Critical Times: Media’s role in advancing peaceful, just and inclusive societies”, also „E kritesche Geescht fir kritesch Zäiten: d’Roll vun de Medien beim Virundreiwe vun enger friddlecher, gerechter an inklusiver Gesellschaft.” Dobäi gëtt besonnesch vill Gewiicht dorobber geluecht, datt Journalisten ouni ze fäerten hirer Aarbecht kënne nogoen. Verschiddenst Forme vun der Gewalt, grad sou wéi Prisong, droen de Journalisten allerdéngs op ville Plazen op der ganzer Welt. Eng Statistik vun der UNESCO stécht hei besonnesch ervir: 827 Journalisten sinn an de leschten 10 Joer beim Ausüben vun hirem Beruff ëmkomm. Dat schlëmmst: Nëmmen 8% vun de Fäll si gekläert.

Fake News: Ale Problem, neie Numm

Dobäi steet d’Press och viru neien Erausfuerderungen. D’Stéchwuert Fake News kënnt engem do séier an de Kapp. Mam Internet huet sech d’Verbreedung vun Informatiounen net nëmme vereinfacht, mee och esou wäit verschnellert, datt d’Kontrolléiere vu Fakten oft ze kuerz kënnt. Net nëmmen dat, ma och wëssentlech falsch Informatiounen gi gäre vun Internetsite mat zweiwelhaftem Ruff a Praktiken verbreet, nëmmen fir e Maximum u Reechwäit ze erreechen.
Dëst ass keen neit Phänomen – a Verschwörungskreesser war dat scho säit Jore Gang und Gebe – mee huet mat de Presidentschaftswahlen an den USA an mat der AfD an Däitschland eng nei Dimensioun an eise Breeden gewonnen. D’Situatioun ass och méi komplex ginn, wat den Hate Speech, also Haassrieden, ugeet: Et gëtt ëmmer méi schwéier, vir eng komplett Meenungsfräiheet ze garantéieren, während de Respekt vis a vis anere Leit, Glawensrichtungen, Hautfaarwen a sexuellen Ausriichtungen ëmmer méi ofhëlt.

Verbesserunge zu Lëtzebuerg méiglech

Fir datt eng Gesellschaft méi oppe gëtt, muss Informatiounen liicht zer erreechen sinn. An däer Hisiicht steet Lëtzebuerg schlecht do: Laut dem Media Pluralism Monitor 2015 war de Schutz vum Informatiounsrecht als niddreg agestuft, bezéiungsweis als héich gefährt. Eng Gesetzespropositioun gouf zwar schonn 2000 deposéiert, mee läit aktuell säit Enn 2016 bei der Mediekommissioun. Och wat d‘Besetzverhältnesser an d‘Verknüpfung tëscht de Besëtzer vu Cross-Media Entreprisen ugeet, ass de Bericht kritesch. Bei der politescher Onofhängegkeet kritt Lëtzebuerg allerdéngs eng gutt Note.
Related topics Fake News, Journalismus, Weltwäit
Next post Previous post