Search

You may also like

De 7. Abrëll ginn d‘Terrassen op
Erkläert Stories

De 7. Abrëll ginn d‘Terrassen op

De Premierminister Xavier Bettel, deen haut beim EU-Sommet fir Impfpass

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
Erkläert Stories

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

US-President gëtt vu senger Hausbank verroden
Erkläert Stories

US-President gëtt vu senger Hausbank verroden

Et kann ee sech awer och op näischt a kee

De Weltdag vum Radio, erkläert

De Weltdag vum Radio, erkläert

Zënter 2012 gëtt vun der UNESCO de Weltdag vum Radio gefeiert. Dat mat guddem Grond: Laut der UNESCO ass de Radio dee Medium, dee weltwäit déi meeschte Leit erreecht.

Firwat ass de Radio haut nach wichteg?

Als Massekommunikatiounsmëttel ass de Radio immens wichteg. Dat läit laut der UNESCO dann och un den niddrege Käschte vun dësem Medium an och an Zäite vum Internet ass de Radio net ewech ze denken. Ëmmerhi ginn et haut och dank dem Internet Méiglechkeeten, de Radio vun doheem iwwerall mat ze huelen. Vum Radio kënnen ausserdeem och Séihbehënnert Persounen an Analphabeten profitéieren. Dëst ass och a Géigenden an Altersgruppe wichteg, wou d’Alphabetiséierung net staark verbreet ass.

Wat ass de Fokus vum haitegen Dag?

Fir d’Editioun vun 2018 ass gëtt den Zesummenhang vu Radio a Sport beliicht. D’Generaldirektesch vun der UNESCO ënnersträicht, datt am Radio méi Teams kënnen ofgedeckt ginn, wéi nëmmen Elitten an och mat Viruerteeler kann opgeraumt ginn. Leider wiere Fraenequippen nach staark ënnerrepresentéiert.

Wéi wichteg ass de Radio fir d’Lëtzebuerger haut?

Laut enger Statec Publikatioun aus dem Joer 2011 lauschteren 90% vun de Lëtzebuerger all Dag Radio. Dobäi gouf allerdéngs festgestallt, datt bei der jéngster Generatioun d’Zuelen duerchaus falen.

Wéi eng Roll huet d’Erfannung vum Radio zu Lëtzebuerg gespillt?

De Radio steet net nëmmen am Ufank vum Medienhaus RTL, mee huet och scho mi fréi eng wichteg historesch Roll gespillt. Net nëmmen huet de Radio, wéi an anere Länner och, d’Informatiounsgesellschaft grondleeënd ëmgekrempelt a vis a vis vun den Dageszeitungen och verschnellert. Mee och zu spezifesche Momenter huet dës Technologie zu Lëtzebuerg eng wichteg Roll gespillt. Esou konnt zum Beispill d’Exil-Regierung mat Hëllef vun der BBC am Zweete Weltkrich d’Lëtzebuergescht Vollek direkt adresséieren.

Related topics Lëtzebuerg, Medien, Radio
Next post Previous post