Search

You may also like

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn
Neiegkeeten

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn

Dat haten se sech am Stater Schäfferot anescht virgestallt. D‘lescht

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss
Neiegkeeten

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss

Zu Berlin waren um Samschdeg d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?
Neiegkeeten

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?

Wärend d’Bewosstsinn zur Klimakriis an eise Käpp ëmmer méi gréng

De Wettlaf géint d‘Pandemie

Flexibilitéit, Gedold a perséinlech Affer verdéngen Unerkennung!

De Wettlaf géint d‘Pandemie

Fir dat siwent Joer a folleg, flitt d‘Cargolux an der Gewënnzon a behaapt seng Stellung als eng vun de Weltwäit féierende Frachtfluchgesellschaften. An der aktueller Covid19-Pandemie, erweist sech, wéi wichteg dës global Roll fir Lëtzebuerg ass.

Déi 1.600 Mataarbechter zu Lëtzebuerg hunn an de leschte Joren erhieflech zum wirtschaftlechen Erfolleg vun der Cargolux bäigedroen. Grad an der haideger Krisenzäit, sinn et d‘Mataarbechter, déi alldeeglech dru matwierken, datt déi liewenswichteg Loftfracht-Liwwerketten oprecht erhale gëtt. De LCGB fuerdert, datt dës Flexibilitéit, d‘Gedold an déi perséinlech Affer unerkannt muss ginn!

Piloten a Buedempersonal gëtt géigewäerteg en Héchstmooss u Flexibilitéit a Gedold ofverlaangt. D‘Cargolux-Mataarbechter erweisen sech als ee wesentleche Poul an der Lëtzebuerger Gesellschaft, dee sécherstellt, datt d‘Versuergungslinn tëscht Lëtzebuerg an dem Rescht vun der Welt och an enger weltwäiter Kris opgehale gëtt.

Nëmmen déi iwwerwältegend Bereetschaft vun der ganzer Beleegschaft, zum Deel erhieflech perséinlech Aschnëtter hinzehuelen an, an dëser ongewéinlecher Zäit méi wéi déi berühmt „ extra Meil“ ze goen, erlaben et der Cargolux, ee wesentleche Beitrag géint déi därzäiteg Pandemie ze leeschten. Haut weist sech, wéi wichteg motivéiert, dem Standuert Lëtzebuerg verbonne Mataarbechter sinn.

Dës geleeschten Ustrengungen, dierfen och an der Zäit no der akuter Pandemie net vergiess ginn!

De LCGB ënnersträicht, datt dës Unerkennung vum erausragenden Engagement an Asaz vun de Piloten an dem Buedempersonal denkbar einfach ass: nohalteg Aarbechtsplazsécherheet an zouverlässeg Carrièreméiglechkeete fir all d‘Mataarbechter vun der Cargolux zu Lëtzebuerg iwwert d‘Krisenzäiten eraus mussen eng Selbstverständlechkeet sinn.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Ee Frachtfliger vun der Cargolux setzt un zu Hong Kong ze landen. Och déi gutt Bezéiunge mat China, sinn ee vun de groussen Atouten, deen d‘Cargolux huet, a vun deem mir alleguerten indirekt profitéieren. © Hans Dorries / unsplash

Related topics Cargolux, Covid19, Engagement, Flexibilitéit, Gedold, LCGB, Pandemie
Next post Previous post