Search

You may also like

Queeschdenken an Däitschland: De mëssverstanene Widderstand
Neiegkeeten

Queeschdenken an Däitschland: De mëssverstanene Widderstand

Zu Berlin huet sech gëschter de Bundestag der Reform vum

De Charles Kieffer Group huet een neien Direkter
Neiegkeeten

De Charles Kieffer Group huet een neien Direkter

Zënter dem 1. Februar ass den David Gray neien Direkter

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!
Neiegkeeten

D’Begriefnis vum 4. Mee gëtt via Ecran iwwerdroen!

Kommende Samschdeg, de 4. Mee fënnt d’Begriefnis vum verstuerwene Groussherzog

De WG Projet: Bezuelbare Wunnraum fir Jugendlecher

De WG Projet: Bezuelbare Wunnraum fir Jugendlecher

Mat Wunngemeinschaften zu méi bezuelbarem Wunnraum bäidroen? Ma dat ass d’Zil vum sougenannte WG Projet, dee vun der ecoCreActiver Plattform LIFE gedroe gëtt. Zënter 2018 besteet dës Initiativ an zielt mëttlerweil 8 Wunneenheeten an deenen 30 Persounen hause kënnen.

No engem Joer ass et direkt zum Ufank vum neie Joer zum éischten Eegekaf vun engem Haus, an deem Wunngemeinschaften entstoe sollen, komm. De Kafpräis läit bei 861.783 €, de Budget fir d’Renovatiounan der Ariichtung gëtt op ronn 1 Millioun Euro (ttc) geschat. D’Haus zu Zolwer wäert an den nächsten 18 bis 24 Méint Plaz fir 7 Jugendlecher tëscht 18 a 26 Joer bidden.

De Projet gëtt ënnerstëtzt vum Wunnengsbauministère an d’Zënse vum Prêt kënnen duerch een alternative Spuerkont, dee vun Etika mat der Spuerkeess verwalt gëtt, méiglechst niddreg gehale ginn.

WG Projet

Bezuelbare Wunnraum, Klimaschutz an eng Zukunft fir Jugendlecher

Mat dësem Kaf, wéi och der ekologescher Renovatioun a Sanéierung vun Haiser wëll LIFE net nëmmen zur Kreatioun vu méi bezuelbarem Wunnraum, mee och zum Klimaschutz bäidroen. Vun der aktueller Energieklass I wëll ee sech nämlech verbessere bis zur Energieeffizienzklass A an der Wiermeschutzklass C.

D’Schafe vu Wunnraum fir Jugendlecher tëscht 18 a 26 Joer soll zum Jugendpakt, dee virun allem d’Transitioun vum Jugendlechen zum onofhängegen Erwuessenen erliichtere wëll, bäidroen. Mat engem rollstullgerechtem Zëmmer ka soumat och ee Jugendleche mat Behënnerung autonom mat senge Matbewunner zesummeliewen.

Een Appell u Locatairen

Nieft weidere Projeten zur Kreatioun vu Wunnraum an Eegeregie, wëll LIFE iwwert folgend Weeër hëllefen, bezuelbar an net-kommerziell WG’en opzebauen:

  1. LIFE Asbl representéiert fir de Proprietäre vum Haus ee vertrauenswierdege Locataire, deen all Mount säi Loyer garantéiert an als eenzege Vertragspartner fir de Locatiounsvertrag gëllt, wouduerch dem Proprietär och bei der Verwaltung vum Haus gehollef gëtt.
  2. Stellt de Loyer ee moderate Präis duer, dee sech am Kader vun der Gestion Locative Sociale beweegt, musse just op d’Halschent vum Akommes Steiere bezuelt ginn.
  3. Locatairen, déi eng WG opbaue wëllen oder an enger wunne wëllen, kënnen iwwert LIFE mateneen a Kontakt bruecht ginn.
  4. All Locataire huet ee perséinleche Locatiounsvertrag mat LIFE Asbl, wouduerch de Loyer kloer gereegelt ass. Och fir d’Sozialhëllef ass et vu Virdeel, wann een een eegene Vertrag huet an als Eenzelpersoun ugesi gëtt.

LIFE appelléiert all Proprietären, déi bereet wieren hiert Haus oder hir Wunneng un d’Asbl ze verlounen. Melle kann ee sech per Email ënnert housesharing@lifeproject.lu oder per Telefon ënnert der Nummer 6621 530 895.

WG Projet

Zum Renovatiouns- an Ariichtungskonzept

Ganzer 7 Schlofkummere mat eegene Buedzëmmer wäerten entstoen, wärend – wéi scho virdrun ugeschwat – eng Kummer mat Buedzëmmer rollstullgerecht gestalt gëtt. An de Gemeinschaftszëmmer ginn zwou Kichen an zwee Livingen zur Verfügung gestalt. Virun der Dier an am Keller kënne Vëloen op extra dofir virgesinne Plazen ofgestallt ginn.

Duerch eng komplett Dämmung, d’Erneierung vun der Heizung an d’Notze vu regenerativen Energië kann d’Energieeffizienz op ee Maximum gesteigert ginn. Bei alle Moossname ginn ekologesch Varianten, wéi Zellulos oder Myscanthus, als Dämmmaterial virgesinn. Dobäi kënnt eng dräfach Verglasung bei den neie Fënsteren an een neien Daach.

D’Toilette an d’Wäschmaschinn wäerte mat Reewaasser, an net mat Drénkwaasser, lafen. Déi aktuell Materialien, déi nach brauchbar sinn, ginn a Partnerschaft mam BENU Village an anere Kooperatiounen esou wäit et méiglech ass viru genotzt, ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft.

Related topics BENU, Bezuelbare Wunnraum, déi lénk, Energieeffizienz, Gary Diderich, Klimaschutz, LIFE Asbl, Wunngemeinschaft
Next post Previous post