Search

You may also like

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen
Neiegkeeten

COP25: Op dës Ofschlosserklärung hätten se verzichte kënnen

Eigentlech sollt d‘UN-Klimakonferenz COP25 schonn e Freideg ofgeschloss ginn. Well

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights
Neiegkeeten

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights

Lights of Freedom – Ënnert dësem beréierenden an zugläich eeschten

Jo wat dann elo?
Neiegkeeten

Jo wat dann elo?

Ee Méindeg hunn d‘Piraten an der Chamber eng Drénglechkeetsfro un

De Widderstand géint CETA geet weider

De Fräihandelsvertrag gëtt net méi populär mat der Zäit

De Widderstand géint CETA geet weider

CETA gëtt muer Realitéit. Provisoresch op mannst, trëtt et deen Ament an der EU a kraft. Vill hu schonn de Kampf dogéint opginn, ma nach net all. Déi lénk hunn sech elo zu Wuert gemellt a wëlle weider kämpfen.

Si kritiséieren ënnert anerem, datt CETA a Kraaft trëtt, obwuel keen nationaalt Parlament doriwwer ofgestëmmt hätt. Millioune vu Leit wieren op d’Strooss gaangen, fir dogéint ze protestéieren, ma dat hätt um Enn wéineg bruecht. Laut Beschloss vum EU-Rot am Oktober 2016 an der Zoustëmmung vum EU-Paralament am Februar 2017 gouf et mat de Stëmme vun de konservatiben, sozialdemokrateschen a liberale Fraktiounen ugeholl.

„Problematesch ass dobäi virun allem, datt sozial- an ëmweltpolitesch Standarde vun der Industrie ënnergruewe ginn an de Privatiséierungsdrock zouhëlt”, préciséiert hei de Pressecommuniqué vun déi lénk. Dëst hätt och direkt Auswierkungen op d’Gemengen: Si missten hier Déngschtleeschtungen a Reegelunge fir dëse Beräich an Zukunft fir de fräie Maart opmaachen. Wat laut déi lénk „d’Entscheedungshoheit vun de lokale Responsabele weider aschränkt”. Déi lénk kënnegen un, souwuel op Gemengen- als och nationalem Niveau dogéint ze stëmmen.

Wat ass eigentlech CETA?

Bei CETA handelt et sech em e Fräihandelsvertrag tëscht der EU a Kanada. Dobäi ginn 98% vun den Tariffer tëscht dësen zwee Handelsräim eliminéiert. D’Europäesch Kommissioun gëtt dobäi un, datt et net zu enger Erofsetzung vun europäesche Standards géif kommen. Och a Punkto Copyright géing een sech dobäi wiesentlech mi no kommen an innovativ Iddien hätten doduercher nach e bessere Schutz.

Et ass bei wäitem net deen eenzege Fräihandelsaccord, dee kritesch gesi gëtt. Och wann den TTIP tëscht der EU an den USA mëttlerweil op Äis läit, huet de JEFTA (Japanese European Free Trade Agreement) tëscht der EU a Japan ganz uerdentlech Chancen, fir realiséiert ze ginn. An en Deel vu CETA, deen d’Schiidsgeriichter aféiere soll, ass zwar am Moment nach bausse vir gelooss ginn, kann awer nach duerch déi eenzel Memberstaaten ratifizéiert ginn. Hei fäerten déi lénk, datt d’Majoritéitsparteien zu Lëtzebuerg do gréng Luucht wäerte ginn.

Related topics CETA, déi lénk, EU, Kanada, Lëtzebuerg
Next post Previous post