Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

Léif Männer, maacht schonn emol ee Béier op, well haut

Oppene Bréif un d’Direktioun vum LCD a jiddereen am MENJE, deen zoustänneg ass, d’Virwërf géint ee Proff aus dem LCD opzeschaffen
Neiegkeeten

Oppene Bréif un d’Direktioun vum LCD a jiddereen am MENJE, deen zoustänneg ass, d’Virwërf géint ee Proff aus dem LCD opzeschaffen

Wat am LCD geschitt ass bzw. ebe grad net geschitt

Shutdown: Eng presidentiell Offer
Neiegkeeten

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt

De Xavier Bettel huet vun Estland fir besonnesch Verdéngschter en Uerde kritt

Eise Premierminister, ass um Méindeg vum estneschen Ausseminister Sven Mikser, mam Uerden „Kräiz vun Terra Mariana“ ausgezeechent ginn.

Eng Éier fir de Xavier Bettel, well den Uerden ass déi prestigiéist Auszeechnung déi engem Auslänner kann zougestane ginn. Se ass zudeem deene virbehalen, déi dem Land besonnesch Déngschter erwisen hunn. Hien huet dësen Uerde fir säin Engagement fir den europäeschen Opbau, mä ganz speziell fir d‘Fërderung vun de Relatiounen tëscht Estland a Lëtzebuerg erhalen.

„Et ass fir mech eng grouss Éier mam Uerde vum Kräiz vun Terra Mariana ausgezeechent ze ginn“ esou de Premierminister dee betount: „Dësen Uerden ass en Temoignage fir déi grouss Frëndschaft an exemplaresch Relatioun déi tëscht Estland a Lëtzebuerg besteet“.

De Xavier Bettel stellt dann nach fest, datt Estland a Lëtzebuerg fir déi selwecht Wäerter astinn, a sech asetze fir d‘EU méi efficace am Sënn vun hire Bierger ze gestalten. „Lëtzebuerg huet déi éischt e-Ambassade op der Welt, a doriwwer si mir ganz besonnesch houfreg. Dës e-Ambassade hebergéiert d‘Date vun der Republik Estland um lëtzebuergeschem Buedem“, esou de Premier.

An de Xavier Bettel ënnersträicht, datt dëse Geste e grousse Vertrauensbeweis ass, deen déi exzellent Relatioun tëscht béide Länner bestätegt. Bei der Zeremonie huet de Premierminister dann och nach Estland zum Centenaire vu senger Onofhängegkeet gratuléiert. „Als Frënd, Partner an Alliéierten, si mir houfreg dëse Centenaire mat Estland a senge Bierger ze zelebréieren“.

Foto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg; Sven Mikser, Ausseminister vun Estland. Mat der Auszeechnung mam Uerde vum Kräiz vun Terra Mariana, ass de Premierminister fir déi besonnesch Verdéngschter an onermiddlecht Engagement fir Estland belount ginn. © SIP/Charles Caratini

Related topics Auszeechnung, e-Ambassade, Estland, Sven Mikser, Xavier Bettel
Next post Previous post