Search

You may also like

Editorial: Festival-Saison gestrach, Häerz gebrach
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Festival-Saison gestrach, Häerz gebrach

Wat fir aner Persounen d’Passioun fir Autoen, Timbere-Sammelen oder Fitness

Netflix: Déi 5. Staffel vun de Roude mat de Masken ass eraus
Kultur Neiegkeeten

Netflix: Déi 5. Staffel vun de Roude mat de Masken ass eraus

Kennt Dir déi spuenesch Serie „La Casa de Papel“? Déi

LCTO: Gudde Bilan fir e villverspriechende Päischtweekend
Kultur Neiegkeeten

LCTO: Gudde Bilan fir e villverspriechende Päischtweekend

Wéi huet sech de Päischtweekend aus der Siicht vum Tourismus

Exklusiv zu Lëtzebuerg: „The Dead Don’t Die“ (Film)

Mëttwochs, de 26. Februar a Freides, den 28. Februar am Kinosch

Exklusiv zu Lëtzebuerg: „The Dead Don’t Die“ (Film)

Nodeems dem Jim Jarmush säin The Dead Don’t Die um leschte Filmfestival vu Cannes bei der Erëffnung presentéiert ginn ass, gëtt den Zombie-Film exklusiv zu Lëtzebuerg gewisen.

An der klenger Stad vu Centerville stëmmt iergendeppes net. De Mound ass omnipresent um Himmel, d’Dagesliicht gesäit ee just zu Zäiten, wou een et net erwaart an och d’Déiere leeën een ongewéinlecht Verhalen un den Dag. Et versteet een net wisou.

Tëscht all dëse bizaren Ëmstänn huet awer wuel keen dat Ongewéinlechst a Geféierlechst komme gesinn, wat Centerville bemol erlieft: Déi Doudeg klammen aus hire Griewer an attackéieren, wéi Wëller, all Liewegen. Ab dësem Moment fänkt ee batteren Iwwerliewenskampf un…

Déi exklusiv Filmprojektioun vun The Dead Don’t Die vum Jim Jarmush gëtt e Mëttwochs, de 26. Februar a Freides, den 28. Februar gewisen. Lass geet et um 20:30 Auer am Kinosch (116, rue de Luxembourg, Esch-Uelzecht).

  • USA / 2019
  • 104 Minutten
  • VOST FR

Opmaacherbild: © 2019 Image Eleven Productions, Inc.

Related topics Cannes, Centerville, Film, Filmfestival, Jim Jarmush, Kinosch, Kulturfabrik, The Dead Don't Die, Zombie
Next post Previous post