Search

You may also like

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum
Neiegkeeten

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Wéi den Nicolas Maduro, demokratesch gewielte President vum Venezuela sech

Echternach Summer Concerts: E staarken Trio presentéiert seng Concertsrei
Neiegkeeten

Echternach Summer Concerts: E staarken Trio presentéiert seng Concertsrei

Zesummen ass ee bekanntlech méi staark. Mam Trifolion, dem Atelier

Nei Mäntelcher fir d’Busser vum RGTR-Reseau
Neiegkeeten

Nei Mäntelcher fir d’Busser vum RGTR-Reseau

Spéitstens am Fréijoer 2021 sollen déi iwwer 1.200 Busser vum

Debat zum Finanz- a Wirtschaftskader bis 2025

Debat zum Finanz- a Wirtschaftskader bis 2025

No der Presentatioun vum Nationale Stabilitéit- a Wuesstemsprogramm (PSC), dem nationale Reformprogramm (PNR) an dem Plang fir d‘Reprise an d‘Resilienz (PRR) vun de Ministere Pierre Gramegna (Finanz) a Franz Fayot (Wirtschaft) war et en Donneschdeg un den an der Chamber vertruedene Parteien a politesche Sensibilitéiten, sech zu dëse Presentatiounen ze positionéieren.

Hei muss ee wëssen, datt sech de PSC an PNR an de Kontext vun der EU-Wirtschaftsgouvernance aschreiwen. Si ginn emol d‘Joer op Bréissel geschéckt. Unhand dësen Informatioune schafft dann d‘EU-Kommissioun am Laf vum Mount Mee Propositiounen a Recommandatiounen aus, déi dann der Regierung virgeluecht ginn. Natierlech muss och de PRR zu Bréissel agereecht ginn, fir an der Genoss vun der EU-Finanzhëllef am Kontext vun der Krisegestioun (Covid19) ze kommen. Hei musse 37% vun der Zomm fir de Kampf géint de Klimawandel opgewannt ginn, 20% musse fir déi digital Transitioun agesat ginn.

Well et éischter méisseg ass, sech op d‘Zoustëmmung an den Interventioune vun der Majoritéit ze konzentréieren, an et souwisou generell méi Interessant ass dem Geknouters vun der Oppositioun nozelauschteren, iwwersprange mir d‘Riede vum André Bauler (DP), Claude Hagen (LSAP) a François Benoy (déi gréng). Wann dir awer op de Numm vun den Deputéierte klickt, kritt dir déi original Interventioun als Video ugebueden.

Et ass dann och esou, datt een an de Reie vun der Oppositioun scho politesch bedéngt, enger aner Siicht op d‘Aussoe vun der Regierung huet. Déi stellt fest, datt et dem Land méiglecherweis ganz gutt gelongen ass, sech an der Kris ze behaapten, et wier een allerdéngs net der Meenung, datt et och de Bierger esou gutt ergoe géif, wéi dat versicht gouf duerzestellen. Esou huet de Gilles Roth (CSV) op déi 122.000 Residenten higewisen, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewen. Zudeem géif dës Regierung d‘Jugend net an ausreechendem Mooss stäipen. Och beim Logement géif et net klappen, et géif net genuch gebaut. Fir de Mamer Buergermeeschter ouni sozial Wunnengen, eng gewote politesch Ausso. Och seng Fraktiounskollegen, Laurent Mosar a Marc Spautz, hunn der Regierung eng virun de Latz geknallt.

Bei der adr gouf nach emol drop higewisen, datt ee vun Ufank un géint eng Scholdenunioun war, an dëse Schratt ee Vertragsbroch géif duerstellen. De Roy Reding huet dëser Regierung eng schlecht finanziell Gestioun vun der sanitärer a wirtschaftlecher Kris bescheinegt.

Säitens déi lénk, wou den David Wagner intervenéiert huet, hat et en „déjà vu“; dat allerdéngs net am gudde Sënn. De Pierre Gramegna an engem Saz mat 45. US-President ze ernimmen, och eng kleng Provokatioun, mee natierlech duerchaus politesch berechtegt. Schliisslech ass déi lénk, am Kontext vun der Wirtschaftsanalys säitens dem Finanzminister, iwwerzeegt, datt hie sech enger anerer Realitéit bedéngt.

Bei de Piraten ass ee wuel net ganz esou Streng mam Finanzminister, mee och de Sven Clement huet esou seng Bedenken. Hien ass wuel net onglécklech iwwert de Fait, datt d‘Staatsfinanzen am aktuelle Kontext an am direkte Verglach mat den aneren EU-Länner, gutt wieren, mee et sollt ee sech elo de bekannte Problemer eppes méi eeschthaft unhuelen. D‘Pirate wëllen dann och datt sech endlech eppes am Gesondheetssecteur deet, statt nëmmen driwwer nozedenken.

No den Deputéierten, hat dann d‘Regierung, also méi Prezis, déi genannte Ministere Pierre Gramegna a Franz Fayot, dat lescht Wuert.

Foto: De Sven Clement (Piraten) fuerdert vun der Regierung, sech och betreffend qualifizéiertem Gesondheetspersonal méi Moyene ze gënnen, an d‘Jalonen esou ze leeën, datt een dës Penurie u Fachpersonal laangfristeg an de Grëff kritt. © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Franz Fayot, Nationale Programm fir Stabilitéit a Wuesstem, Nationale Reformprogramm, Pierre Gramegna, Plang fir d‘Reprise an d‘Resilienz, PNR, PRR, PSC
Next post Previous post