Search

You may also like

Editorial: Et soll een de Donald Trump op Twitter blocken
Neiegkeeten Sport

Editorial: Et soll een de Donald Trump op Twitter blocken

Datt dem Donald Trump seng Tweets scho virun der Covid19-Pandemie

An elo Här Premierminister?
Neiegkeeten Sport

An elo Här Premierminister?

Déi dräi um nationale Plang representativ Gewerkschaften, d‘CGFP, de LCGB

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

De franséische Schrëftsteller Jules Verne ass mat senge fantastesche Wierker

Sportlech ënnerwee: Den éischten Decathlon City fir Lëtzebuerg

Zënter haut de Moien 10 Auer huet den neien Decathlon um Aldringer seng Dieren op a vervillfältegt esou d’Offer an der Stad Lëtzebuerg. Mat sengem „City“-Konzept huet de Sportsbuttek mat franséische Wuerzelen elo och bei eis Fouss gefaasst.

Wie soss ëmmer bis op Arel oder Mont Saint Martin huet misse fueren, fir no präiswäerter Bekleedung fir déi sportlech Auslaaschtung oder och nëtzlechen Utensilien fir kierperlech Aktivitéiten doheem, dee fënnt elo och direkt an der Haaptstad, am moderne Bauwierk tëscht dem Proxy an de Galeries Lafayette, op zwou Etagen alles, wat den aktive Mënsch begeeschtert.

Decathlon City© Shari Pleimelding/moien.lu

Mat méi wéi 630 m² gëtt fir all Sportaart eppes gebueden: Vun Joggen a Lafen, iwwert Schwammen, Tennis a Fussball, bis hin zum Wanderen oder och der urbaner Mobilitéit soll op d’Besoinen geäntwert ginn. A well ëmmer méi op de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel zeréckgegraff gëtt, huet d’Ekipp dru geduecht en Atelier fir Reparaturen mat anzeplangen. Dobäi kënnt eng Maschinn, fir Racketten ze reparéieren an ze besäiten.

D’Karin Blanc, Direktesch vum Decathlon Lëtzebuerg, huet erkläert, dass een duerch den direkte Kontakt zum Client d’Offer an d’Servicer un d’Demande upasse wäert. „Mir kënnen et net erwaarden, sportlech Momenter mat hinnen ze erliewen.“

Decathlon City© Shari Pleimelding/moien.lu

Och fir den Stefan Schins, Responsabele fir d’Entwécklung vum neien Decathlon, an den Thierry Behiels, CEO vu Codic International si sech eens, dass mam Sportsbuttek d’Offer u Geschäfter completéiert gëtt. „D’Arrivée vun internationale Geschäfter wéi d’Galeries Lafayette, de Fnac oder haut den Decathlon beweist den Interessi dee Lëtzebuerg am Ausland ervirrifft als veritabel Destinatioun a Plaz mat Ausstralung“, sou den Thierry Behiels.

Fir Berodungen oder Froe stinn 8 Mataarbechter de Clienten zur Säit, a genee dovunner huet och d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer sech gëschter iwwerzeege gelooss.

Den neien Decathlon City ass ganz einfach mam ëffentlechen Transport iwwert den Arrêt „Hamilius“ ze erreechen. Déi ganz Offer fannt Dir op www.decathlon.lu.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Aldringer, Decathlon City, Karin Blanc, Lydie Polfer, Royal Hamilius, Sportsbuttek, Stefan Schins, Thierry Behiels, Vëlo
Next post Previous post