Search

You may also like

Chrëschtdagsfilmer mol anescht:
Neiegkeeten Stories

Chrëschtdagsfilmer mol anescht:

Wann et Iech géint de Stréch gëtt, datt an all

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020
Neiegkeeten Stories

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020

De Virstand vum “Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises”, och

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch
Neiegkeeten Stories

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch

Den Nawalny am Stroflager, d‘Krim nach ëmmer besat… Russland ass

Dee Béier muss ee gedronk hunn fir säin echte Wäert ze bemoossen

Dee Béier muss ee gedronk hunn fir säin echte Wäert ze bemoossen

Déi Iechternacher Brauerei, déi hire Sëtz op der Becher Gare huet, ka sech mat sengem „Weess“ bretzen. Déi richteg fruuchteg Nout a besonnesch douce, naturdréif an ee flotte gëllene Glanz, dozou eng fest Schaumkroun, de Weess vun der Iechternacher Brauerei setzt ganz eegen Akzenter. Beim engem Alkoholgehalt vu 4,9% läit seng optimal Betribstemperatur bei tëscht 6°C an 8°C.

Et ass een den Allrounder, net ze batter an net ze séiss, agreabel am Ofgang an richteg erfrëschend. Dat ideaalt Gedrénks fir eng geselleg Ronn an och iwwer Dësch ganz beléift. Ob zu „Ham Fritten an Zalot“ oder enger gudder „Wurscht“, dëse „Weess“ versteet et sech diskret unzepassen. Et ass wierklech een deen no beschtem Wëssen a Gewësse gebraut ass, a dem Land gutt zu Gesiicht steet.

Fir de Pol Wesner, Chef vun der Brauerei, läit den Erfolleg vun dësem Béier esouwuel an der Rezeptur wéi och den dofir agesaten Ingredienten, déi vum Braumeeschter mat ganz Häerzblutt, awer natierlech och Handwierkskonscht verschafft ginn. En nobele Béier, och wann hie vläicht net direkt esou opfält, deen sech och ëmmer méi bei den Dammen duerchgesat kritt.

Flott un dësem Erfolleg – an dat gëllt eigentlech vir alles wat vun der Iechternacher Brauerei esou hiergestallt gëtt – datt d‘Raimlechkeeten an der Gar zu Bech esou lues net méi der Nofro kënne gerecht ginn. Et kann ee nu emol net méi Béier verkafe wéi een es hierstellt, a wann et richteg ass, datt d‘Demande sech och op d‘Offer auswierkt, wäert een wuel musse wuessen.

Ob sech de Pol Wesner datt esou erwaart huet, wéi hien aus senger Passioun e kommerzialiséiert Spëtzeprodukt a ville Variatioune realiséiert huet, léisst sech net mat Sécherheet behaapten. Dofir ass gewosst, datt engem ouni déi Iechternacher Brauerei eppes géif feelen. Hien huet sech seng Plaz hannert der 9. Dier vum Béier-Adventskalenner folgerichteg éierlech verdéngt. Prost!

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Bech Gar, Béieradventskalenner, Echternacher Brauerei, Pol Wesner, Weess
Next post Previous post