Search

You may also like

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
International Neiegkeeten

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

Duck Race 2019: e puer Impressiounen
International Neiegkeeten

Duck Race 2019: e puer Impressiounen

Leschte Weekend war an der Stad bei der Péitruss eng

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier
International Neiegkeeten

Séinoutretter*inne vu MOAS gi mat der SEA-EYE 4 op d’Mëttelmier

D’Hëlleforganisatioune Sea-Eye a MOAS hunn eng intensiv Zesummenaarbecht fir d’Duerchféierung vu Sich- a Rettungsmissioune

Pedophilie an der Kierch: Dee Schlechte vu Lyon

Äerzbëschof Philippe Barbarin an Erklärungsnout

Pedophilie an der Kierch: Dee Schlechte vu Lyon

Säit e Méindeg stinn am Frankräich eng Rei „héichrangeg“ Kierchemänner viru Geriicht, dorënner och de Kardinol an Äerzbëschof Philippe Barbarin. Dësen „Stellvertrieder vu Gott“ gëtt virgeworf, vu Pedophilie a Mëssbrauch gewosst ze hunn, an d‘Täter bewosst geschützt ze hunn.

Et war dann allerdéngs en eppes méi gemässegte Kierchemann, dee sech virun der Verhandlung de Medie gestallt huet. „Ech wäert der Justiz Ried an Äntwert stoen. Si huet mech convoquéiert an hei sinn ech“. Vill méi huet de Kardinol net hierginn, an esou sollt et sech dann och am Geriichtssall verhalen. Wien sech erwaart huet, datt et zu Zougeständnesser géif kommen, dat war net de Fall.

Wourëms et geet

Bei de Verbriechen déi gëschter viru Geriicht behandelt gi sinn, geet et ëm Fäll déi zréck an d‘Enn vun den 80er, Ufank den 90er Jore vum leschte Joerhonnert zréckféiert. Et handelt sech ëm Doten, déi vum Paschtouer Bernard Preynat begaange goufen, an déi och net méi kontestéiert ginn. Dësen erwisenermoosse pedophille Paschtouer aus der Diözes Lyon, muss sech gesënnert veräntwerten.

Lyon

Firwat stinn elo de Chef vun der Diözes an säi „Management“ viru Geriicht? Dëst soll a muss elo klären, a wéi engem Ëmfang den Äerzbëschof an déi „aner“ héichrangeg Kierchemänner vun allem woussten. Dat si de Mantel vum Schweigen iwwert déi ganz Mëssbrauchsfäll geluecht hunn, muss net méi verhandelt ginn, datt ass erwisen. (liest dozou och eise Bericht vum September).

Et ass zudeem net déi éischte Kéier datt de Kardinol sech der mënschlecher Geriichtsbarkeet stelle muss. Dat war schonn 2016 de Fall. Deemools huet d‘Justiz – déi bekanntlech blann ass – awer déi ganz Fäll ad acta geluecht, well se verjäert waren. Elo sinn et d‘Affer déi viru Geriicht kloen, an de betraffene Kierchemänner, wäitreechend Virwërf maachen, fir déi si zur Verantwortung gezu ginn.

Dat verlaangt Courage

Sech mat der Kierch unzeleeën – dat ass vergläichbar mat der organiséierter Kriminalitéit, déi och bis an déi héchste Geriichtsinstanzen hiren Afloss huet – ass weder einfach nach bëlleg, a setzt een och ville Risiken aus. Dofir brauch et also Courage, an deen huet en Affer, den Alexandre Hezez, opbruecht. An dësem feelt et och net u Froen, déi hie gäre vum Kardinol Barbarin beäntwert hätt.

„Mir wëllen endlech d‘Wourecht iwwert de Mechanissem vum Schweige kennen, a wësse wéi et méiglech ass, datt e Sexualtäter fofzeg Joer laang Verantwortung huet dierfen droen, ouni datt ee sech him an de Wee gestallt hätt. (…) Ech hoffen datt hien endlech dee Mutt beweist, deen hien iwwert Joren net gewisen huet, wou hien dem Preynat weider de Kontakt mat Kanner erlaabt huet“.

An dem Kierchemann deen hei viru Geriicht steet, ass den Alexandre Hezez keen onbekannten. Béid Männer haten sech schonn 2014 perséinlech gesinn. Bei hirer Entrevue deemools, huet d‘Affer dem Kardinol erzielt wéi hien als Kand vum pedophille Paschtouer mëssbraucht ginn ass. Hei hätt de Barbarin „Versteesdemech“ gewisen a mam Affer gebiet. Sanktioune géint de Paschtouer? Nee!

Wa Grenzen iwwerschratt ginn

Dem Kierchemann säi Beholl kann een als arrogant an iwwerhieflech beschreiwen, woubäi dat fir esou e Mënsch absolut keng Beleidegung ass, hie kennt d‘Welt net anescht. Et ass relativ nei, datt sech esou héichrangeg Vetrieder vun der kathoulescher Kierch, iwwerhaapt fir iergendeppes muss rechtfäerdegen. An dann och nach virun engem laizistescher Geriicht, an ëffentlech…

Lyon

Wéi och ëmmer. D‘Affer trieden elo als Kläger op, an hunn esou d‘Méiglechkeet, sech viru Geriicht selwer zu de Virfäll ze äusseren. Si erhoffen sech esou eppes méi iwwert d‘Hannergrënn gewuer ze ginn. An eigentlech wëll ganz Frankräich an d‘Welt wëssen, wéi laang dat onheemlecht Dreiwe vum Paschtouer der Diözes bekannt war, firwat hie gewäerde gelooss gouf an net gestoppt?

Dem Kardinal säin Affekot spillt seng Roll ganz gutt, an huet schonn emol drop higewisen, datt et hei en renge Schauprozess ass. Hie gesäit am ganzen Dossier net emol den Usaz vun engem vertrietbare Virworf, e Grond fir e juristesch Uerteel géif et schlicht an ergräifend net ginn, an et wier erwisen, datt dat wourëms et hei geet alles verjäert ass. Säi Client ass also onschëlleg?

Foto: Den ugeklote Kardinol Philippe Barbarin: „Ech hunn nëmmen datt gemaach wat Roum mech ugestallt huet“. Hien ass sech also nach ëmmer net bewosst, wat hie fir e Schued ugeriicht huet a versteet net, datt nodeems hie mat engem Affer zesumme gebiet huet, dëst Affer elo och nach viru Geriicht wieder Erklärungen erzwénge wëll. (Video)

Related topics Äerzbëschof Philippe Barbarin, Alexandre Hezez, Frankräich, kathoulesch Kierch, Lyon, Pedophilie
Next post Previous post