Search

You may also like

Sea Watch: 3 Froen un den Ditmar vun der Loftopklärung
Business Neiegkeeten

Sea Watch: 3 Froen un den Ditmar vun der Loftopklärung

“Ech hunn net vill iwwer Geflüchten un de Grenze vun Europa

Nationalfeierdag 2020 – Respekt a Solidaritéit stoungen am Fokus
Business Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2020 – Respekt a Solidaritéit stoungen am Fokus

Et war e besonneschen Nationalfeierdag 2020, e bëssen méi reduzéiert

Philharmonie: Een erfollegräichen Optakt fir den OPL virun der Südamerika Tour
Business Neiegkeeten

Philharmonie: Een erfollegräichen Optakt fir den OPL virun der Südamerika Tour

Den Optakt vun der neier Saison 2019/20 huet sech net

Am Hierscht 2022 gëtt et déi 16. Oplag

Deeg vun der Oppener Dier lackelen iwwer 17.000 Besicher an 23 Entreprisen

Am Hierscht 2022 gëtt et déi 16. Oplag

Déi „Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises“ konnten ulässlech der dësjäreger 15. Oplag, déi konform zu de CovidCheck-Bestëmmungen ofgehale gouf, ee grousse Publikumserfolleg verzeechnen: 23 deelhuelend Entreprisen un insgesamt 18 Standuerter hate méi wéi 17.000 Besicher ugelackelt.

An der Hitparad mat de meeschte Schaulëschtege befannen sech „Luxlait“ um Rouscht, „Arcelor-Mittal“ zu Biissen, „Agri-Distribution“ zu Näerden, „Grosbusch“ zu Elleng, „Ramborn Cider CO“ zu Bur an „Universitéit Lëtzebuerg“ um Kierchbierg a Lampertsbierg.

Déi national Deeg vun der oppener Dier ginn all Joer vun Kommunikatiounsagence Brain & More organiséiert a stinn ënnert der Schiermherrschaft vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand vum Wirtschaftsministère. Dës Veranstaltung ass déi optimal Geleeënheet fir Familljen, ee Bléck hannert d‘Kulisse vun Entreprisen, Organisatiounen, Atelieren, gemengnëtzegen Organisatiounen a Fabricken ze werfen an déi verschidde Beruffer ze entdecken.

An der 15 Joer vum Bestoen, waren et domadder insgesamt 295.400 Besicher, déi vun der Geleeënheet „Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises“ profitéieren, fir sech ee Bild vun der Villfalt vun den Eenheemesche Wirtschaftsentreprisen ze maachen.

De Mëttelstandsminister, Lex Delles, ënnerstëtzt dës Initiativ aktiv, andeems hien um Sonndeg d‘
Firma Genista zu Fenteng besicht huet.

Dës „Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises“ sinn net nëmmen eng léierräcih Veranstaltung fir d‘Besicher, mee och eng Méiglechkeetm den Entreprisen an hire Mataarbechter Unerkennung fir hire Knowhow entgéint ze bréngen. Féierungskräfte a besonesch hiert Personal sinn goufreg drop, hir héichwäerteg Produiten an Déngschtleeschtungen der Ëffentlechkeet presentéieren ze kënnen. Et ass och eng Geleeënheet, an entspaanter Atmosphär mat potentiell zukünftege Mataarbechter a Kontakt ze trieden.

Ugesiichts dem onverkennbaren erfolleg, gouf schonn eng Neioplag vun der Veranstaltung fir de kommenden Hierscht ugekënnegt. Déi 16. Oplag vun de „Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises“ fënnt um Weekend vum 17. an 18. September 2022 statt. Fir weider Informatiounen zur Umeldung kënnen sech interesséiert Entreprisen elo schonn un de Veranstalter „Brain & More“ wennen.

Matgedeelt vu brain&more, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: De Mëttelstandsminister Lex Delles huet bei Genista hannert d‘Kulisse geluusst a sech ausféierlech iwwert d‘Aktivitéite vun der Entreprise erkënnegt © brain&more

Related topics brain&more, Deeg vun der Oppener Dier, Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises, Lex Delles, Mëttelstandsminister
Next post Previous post