Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 15. Mäerz 2020
Business Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 15. Mäerz 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur
Business Neiegkeeten

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur

Schonn zënter Méint leiden zuelräich Secteuren ënnert der sanitärer Kris.

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef
Business Neiegkeeten

OGBL: Gesetzesprojet zur Reform vun der Studiëbäihëllef

Nodeems de Lëtzebuerger Staat um Europäesche Geriichtshaff nees Onrecht kritt

Deeg vun der oppener Dier an den Entreprisen

Den nächste Weekend ass sech näischt mat „Larifari“ dann heescht et Entreprise besiche goen an sech gefällegst fir e Beruff motivéieren

Deeg vun der oppener Dier an den Entreprisen

Ënnert dem héije Patronnage vum Wirtschaftsministère fënnt den nächste Weekend déi fofzéngt Editioun vun den „Oppenen Dieren“ statt, dat natierlech ënnert dem Regime CovidCheck. Sécher heibäi geet et net drëms Mataarbechter ze fannen (déi brauch den Eenzelhandel vill méi dréngend) Sënn an Zweck vun den deelhuelenden Entreprisen, ass et de Bierger ze weise wat ee kann.

Organiséiert gëtt dëse fir déi national Wirtschaft imminent wichtegen Event vun der gréisster a weltwäit renomméierter Kommunikatiounsagence „Brain & More“. A wéi wäertvoll dës Aarbecht ass, léist sech un einfachen Zuele festmaachen. Esou hunn iwwert déi lescht 14 Editiounen, gutt 280.000 Leit eng 380 Betriber, Institutiounen, Verwaltungen an Organisatioune besicht.

oppener Dier

Et heescht datt de ganzen ekonomesche Spektrum vum Land ofgedeckt wier, firwat – wann et och net direkt esou ausgesot gëtt – gutt wier, seng jugendlech Matbewunner zu esou enger Visitt ze animéieren. Op dësem Weekend huet et mat Sécherheet déi richteg Uspriechpartner an den un dëser Editioun deelhuelenden Entreprisen, fir dem Nowuess déi berufflech Avantagen nozebréngen.

Anersäits ass et fir déi wou just „virwëtzeg“ sinn, eng flott Geleeënheet hannert soss verschlossen Dieren ze blécken. Et ginn Exposéen ugebueden, esouguer Ateliere wiere virgesinn… Déi 18 deelhuelend Entreprisen/Institutiounen, sinn alleguerten ënner portes-ouvertes Punkt lu opgelëscht an et brauch een néierewou ee Rendez-vous.

Related topics brain and more, Marketing, oppen Dieren, portes ouvertes, Wirtschaftsministère
Next post Previous post