Search

You may also like

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

Ried zur Lag vun der Natioun: De klimatesche Prolog
International Neiegkeeten

Ried zur Lag vun der Natioun: De klimatesche Prolog

Iert et zur Ouverture vun der parlamentarescher Sessioun am Cercle

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg
International Neiegkeeten

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg

Dat neit Buch Les mammifères du Luxembourg, wat vun natur&ëmwelt

Deen „anere“ Krich

Esou reagéiert d‘Welt op de Konflikt tëscht Israel a Palestina: De Poopst, den EU-Chefdiplomat an esouguer den UN-Generalsekretär hunn Israelien a Palestinenser opgeruff d‘Gewalt ze beendegen

Deen „anere“ Krich

Israel a Palestina sinn net Syrien oder den Irak, jo nach net emol mam Krich ëm Bergkarabach oder den Ausenanersetzungen am Donbass (Ukrain) léisst sech de israelesch-palestinensesche Konflikt vergläichen. Et dierft zudeem kaum een anere Konflikt ginn, deen d‘Weltgemeinschaft iwwer 70 Joer laang wiesselsäiteg matgedroen an ënnerstëtzt huet.

Den UN-Sécherheetsrot huet sech um Sonndeg op en neits an enger Drénglechkeetssëtzung net op eng gemeinsam Ofschlosserklärung verstännegt kritt, eng Resolutioun geet et folgerichteg och net. Um Sonndegmueren huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres nach emol an dësem Gremium statuéiert: „D‘Kämpfe muss ophalen. Et muss direkt ophalen. Rakéiten a Mortieren op där enger Säit, d‘Loftschléi an den Artilleriebeschoss op där aner Säit, dat muss ophalen. Ech appelléieren un all d‘Parteien dësem Appell nozekommen“.

Et war déi drëtt Drénglechkeetssëtzung bannent enger Woch, an eigentlech ass et an dësem Club, wou sech d‘Weltgemeinschaft géint ee sënnlost Bluttvergéissen, Terror an onnëtz Zerstéierung sollt vereent asetzen. Einfach nëmmen entsat sinn, well honnerte palestinensesch Zivilisten – dorënner och Kanner a Fraen – mee och israelesch Bierger, an dësem Konflikt hiert Liewe verléieren, dat ass net esou dat wat ee sech vun dësem Gremium erhofft.

Israel a Palestina

Leider ass och de verbale Schlagaustausch vu béide Konfliktparteie virum UN-Sécherheetsrot, net ziilféierend. Esou huet de palestinenseschen Ausseminister Rijad al-Malki festgestallt: „Ëmmer wann d‘Ausland Israel d‘Recht op Selbstverteidegung zousprécht, fillt et sech ermontert ganz Familljen am Schlof ze ermorden“. Den israeleschen UN-Ambassadeur Gilad Erdan kontert: „Israel benotzt seng Rakéite fir seng Kanner ze schützen. D‘Hamas benotzt Kanner fir seng Rakéiten ze schützen“. Esou kënnt een net virun.

Amerika hält de Ball um lafen

Déi amerikanesch UN-Ambassadrice Linda Thomas-Greenfield, huet vun de Konfliktparteien och gefuerdert, direkt mat de Kämpf opzehalen. Si betount datt d‘USA onermiddlech domadder befaasst sinn, dësem neierleche Konflikt diplomatesch Äntwerten zoukommen ze loossen. All d‘Parteie missten sech um Rimm rappen: dat gëllt fir Provokatiounen, Terror mee och d‘Verdreiwungen an de Siidlungsbau ëstlech vun den 1967 definéierte Grenzen.

Israel a Palestina

Esouguer d‘Russe schléissen sech dem Appell un, d‘Waffen nees rouen ze loossen an sech un de Verhandlungsdësch ze setzen. Béid Säiten hätten sech un d‘Vëlkerrecht ze halen, seet de russeschen UN-Ambassadeur Sergej Werschinin. Hien huet sech och mat der Ursaach befaasst, an erkläert, datt dës Entwécklung dem Fait geschëlt ass, datt béid Säiten d‘Verhandlunge scheien. Dobäi wier kloer datt et keng Alternativ zu enger politescher Klärung vu bestoenden Differenze gëtt. Russland huet nach ee Sommet vum Noost-Quartett gefuerdert.

Vatikan kennt d‘Geforen

De Poopst Francis, huet a sengem Sonndeggebiet d‘Schweige vun de Waffe gefuerdert, an béid Säiten agelueden sech nees un de Verhandlungsdësch ze setzen. „Haass a Vergeltung kënnen net d‘Zil sinn“, esou de Kierchemann, deen op d‘Weltgemeinschaft hofft, all Beméiunge fir de Fridden ze ënnerstëtzen. Och de Leader vun de Katholiken erkennt d‘Gefore vun enger Eskalatioun. Et ass richteg datt Roum sech op Erfarungswäerter, betreffend Buedemrechter zu Jerusalem, beruffe kann an et jo och eng chrëschtlech Pilgerstätt ass.

Fir déi Europäesch Unioun, huet den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell Fontelles sech an d‘Diskussioun abruecht. Hien huet emol aleedend op déi inakzeptabel Unzuel vun Affer higewisen. Ee Léisungsusaz huet et elo awer an der Unioun leider net, fir esou eppes brauch et bekanntlech Reuniounen an deenen ee sech Concertéiert. Et muss ee sech jo op eng gemeinsam Linn verstännegt kréien, fir erklären ze kënne firwat d‘EU net wierklech kann derzou bäidroen, datt dës Gewalt en Enn hëlt.

Israel a Palestina

Fir dann awer zumindest géintiwwer de Bierger an der Unioun – déi och eng Meenung zu dësem Konflikt hunn, an dat gouf jo och unhand de villen Demonstratioune fir déi eng oder aner Säit, de Weekend bewisen – d‘Gefill ze vermëttelen, datt ee gewëllt wier eppes ze maachen, huet et muer Dënschdeg eng ausseruerdentlech Sëtzung vun den EU-Ausseminister. Do soll geléngen, wat am UN-Sécherheetsrot net geet: eng Gemeinsam Ofschlosserklärung virleeën. De Lëtzebuerger Jean Asselborn, vertrëtt do eis Interessen.

mat indymedia/nyc/mow/rom/bru

Related topics Hamas, Israel, Jerusalem, Palestina, Russland, UN-Sécherheetsrot, USA, Vatikan, Zweestaateléisung
Next post Previous post