Search

You may also like

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)
International Neiegkeeten

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)

Datt déi kathoulesch Kierch sech zu Lëtzebuerg net muss un

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien
International Neiegkeeten

Ongewinnte Wahlkampf a Groussbritannien

Säit dem onséilege Brexit-Referendum an de Ligen déi dëse begleet

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken
International Neiegkeeten

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken

Aus anonymmen interne Kreesser krute mir Informatiounen zur dramatescher Situatioun

Deen aneren Donald Trump…

Waren et scho mafiéis Methoden oder gehéiert dëst Gespréich zu de Pärele vun der Diplomatie?

Deen aneren Donald Trump…

No heftegem Drock säitens den Demokraten huet den Donald Trump, sech bereet erkläert. déi vun der Oppositioun gefuerdert „Matschrëft“ vum Telefonsgespréich tëscht him an dem Wolodymyr Selenski, ze entklassifizéieren. Aus dësem Dokument geet ervir, datt hien tatsächlech Ermëttlungen ugereegt huet, déi sengem direkte Géigner an der Presidentschaftswahl, Joe Biden, schuede sollen.

An et kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëll, laut dësem Gespréichsprotokoll, huet den Donald Trump dem ukrainesche President erkläert, datt sech säi Justizminister William Barr, mee och säin Affekot Rudy Giuliani bei him melle wäerten, fir Informatiounen aus dem Dossier „Hunter Biden“ ze erhalen. Op et elo, wéi et vun den Demokraten duergestallt gëtt, schonn Drock war? Net sécher.

DonaldDen US-President huet da gëschter op d‘Virwërf vun den Demokrate misse reagéieren, a widderhëlt „Ech hu kengem gedreet“. Et ass richteg, datt dat esou och net aus dem Gespréichsprotokoll ervir geet, woubäi d‘Dokument selwer vill Interpretatiounsspillraum bitt. De Milliardär werft senge Géigner dann och vir, datt hei eppes héich gespillt géif ginn. Hien aus dem Amt ze joen, e Witz…

Zum Inhalt

Bei der Ernimmung vum Biden am Gespréich mam ukrainesche President, ass et ëm d‘Geschäfter vum Hunter Biden, senges Zeechen de Bouf vum fréiere Vizepresident Joe Biden (deen aktuell dem Trump säin direkte Géigner an der US-Presidentschaftswahl ass) wéi dëse fir eng Energiefirma an der Ukrain geschafft huet. Déi huet sech verdächteg gemaach, Korruptioun bedriwwen ze hunn.

De Joe Biden, esou d‘Versioun vun de Republikaner, soll versicht hunn säi Bouf ze „schützen“, an deem hie vun der virechter Regierung gefuerdert hätt de Procureur, dee mat den Ermëttlunge beoptraagt war, ze entloossen. Den Donald Trump huet dann och, esou zumindest d‘Dokument, de Wolodymyr Selenski gebueden dëser Saach „nozegoen“. Et sollt net dem Selenski säi Schued sinn.

DonaldAus dem Text: „Et gëtt vill Gerieds iwwer de Fils Biden, datt de Biden d‘Strofverfolgung gestoppt hätt an elo vill leit erausfanne wëlle wat et domatter op sech huet. Wat dir och ëmmer mam Justizminister maache kënnt, et wier flott“, esou den Trump. Den ukrainesche President huet als Äntwert gesot datt d‘Ukrain „dëse Fall eescht huelen an entspriechend ermëttele wäert“.

De klengen Ënnerscheet

Et muss een hei allerdéngs ganz gutt uecht doen. Et handelt sech bei deem verëffentlechten Text ëm e Gespréichsprotokoll. Dat ass faktesch keng „wuertwiertlech Transkriptioun“ vum Telefonat, an et dierft den Demokrate schwéier falen unhand dësem Dokument dem US-President noweisen ze kënnen, Verfassungsbroch begaangen zu hunn. Afloss op de Wahlkampf, dee Virworf ass haltbar.

Säitens den Demokrate steet nach de Virworf am Raum, den Donald Trump hätt „Drock“ op säi Gespréichspartner ausgeüübt. Dat mat enger US-Finanzhëllef an Héicht vu 400 Milliounen US-Dollar. Wann et richteg ass, datt de Milliardär d‘Iwwerweisung fir déi ukrainesch Arméi verzögert huet, esou war dëst Geld net Géigestand vum Gespréich. Och do sinn d‘Virwërf „entkräft“ ginn.

DonaldAneres dogéint ass nees Interessant an och iergendwéi de Beweis fir dem Donald Trump seng gutt iwwerluechten Aussepolitik. Laut „Protokoll“ hu sech béid Staatsmänner och iwwert d‘Angela Merkel an den Emmanuel Macron ausgetosch. Déi däitsch Kanzlerin a de franséische President géifen sech net genuch fir d‘Ukrain asetzen a bei de Sanktioune géint Russland net duerchgräifen.

Ugeschloen Neutralitéit

Elo huet dann och de Wolodymyr Selenski um Rand vun der UN-Vollversammlung zu deene vun den US-Demokrate geäusserte Virwërf Stellung bezunn. Hien hätt sech zu kengem ament vum US-President ënner Drock gesat gefillt, et wier ee ganz normaalt Gespréich gewiescht. Manner erfreet ass den ukrainesche President, iwwert de Mangel u Confidentialitéit bei diplomatesche Gespréicher.

Verständlech, wa gewosst ass, datt d‘Ukrain – zumindest no baussen hin – beméit ass eng gewëssen Neutralitéit am US-Presidentschaftswahlkampf ze demonstréieren. Aus der Matschrëft geet awer ervir, datt de Wolodymyr dem Donald zolidd „Hunneg ronderëm de Mond schmiert“, dësem also gefale wëll. Hei dierf ee behaapten, datt déi ukrainesch Definitioun vu Neutralitéit Schréipse krut…

DonaldDonaldWéi et wäert weidergoen? Déi ganz Affär ëm dëst mat wéineg diplomatesche Fangerspëtzegefill gefouert Telefonat, bestätegt wuel dat Bild dat sech vill Mënsche vum Donald Trump maachen, mee et dierft net zu enger Amtsenthiewung féieren. Wuel hunn d‘Demokrate bescht Chance d‘Prozedur am Representantenhaus an d‘Rullen ze bréngen, mee spéitstens am Senat dierf da Schluss sinn.

mat indymedia/was

Related topics Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Telefonsgespréich, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post