Search

You may also like

Variété des belles choses – Eng Zirkusshow fir déi ganz Famill
Neiegkeeten

Variété des belles choses – Eng Zirkusshow fir déi ganz Famill

Un dësem Weekend invitéierten Zaltimbanq’ Zirkus an d’Stad Lëtzebuerg op

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel
Neiegkeeten

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel

En Donneschdeg huet de Statec en neie Rapport zur demographescher

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher
Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher

Hei fannt Dir déi neisten Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Dag, deen Europa gespléckt huet

Den Dag, deen Europa gespléckt huet

Place Guillaume, de 6. September: Um Riednerpult steet eng Kopie vum Boris Johnson a schwätzt iwwert den 23. Juni 2016. En Dag, deen an d’europäesch Geschicht wäert agoen. Als den Dag, deen Europa gespléckt huet! D’Briten hunn an engem Referendum entscheet aus der EU auszetrieden.

46,6% vun der Bevëlkerung ware géint de Brexit. A Schottland weist sech den Desaccord mat dëser politescher Decisioun nach méi däitlech: Hei hunn 62% vun de Wahlberechtegte fir ee Verbleiwe vu Groussbritannien an der EU gestëmmt. D’Frustratioun an d’Angscht vun de Leit ass och ee Joer duerno nach spierbar – och zu Lëtzebuerg!

De Charles Goerens schwätzt vun enger absurder Situatioun, déi duerch den Brexit entstanenen ass. De Prinzip vun der “libre circulation des personnes” gëtt mat Féiss getrëppelt. All Europäer, deen an England reest, brauch e Pass. Fir Nord-Irland a Gibraltar musse separat Accorde fonnt ginn.

De Brexit huet net nëmme Konsequenze fir déi knapp eng Millioun Briten déi an der Europäescher Unioun liewen. Oder fir déi knapp dréi Milliounen EU-Bierger déi a Groussbritannien liewen an schaffen. Mee och op de ganzen Immigratiounssystem, dee reforméiert soll ginn. Vill Bierger hunn Angscht, datt duerch déi nei méi streng Awanderungspolitik de Friemenhaass a Groussbritannien méi eng grouss Roll spillen wäert.

De Charles Goerens seet a senger Ried: “Brexit raises a number of urgent questions regarding the future of the UK once outside the EU.” Wei een Impakt huet Brexit op déi britesch Wirtschaft? Wéi grouss ass de Schued den entsteet? Kee ka genau soen, wat nom Austrëtt vun England aus der EU geschitt. Och déi britesch Regierung kann d’Froen vun hire Bierger net beäntwerten. Fir déi zwou Säiten ass et wichteg sou schnell wéi méiglech een Accord ze fannen.

Zum Schluss vu senger Ried seet de Charles Goerens: “Again, none of this must seem very encouraging to you.” Trotz enger schwiereger Situatioun sollen d’Briten, mee och d’EU Bierger sech weider fir de Schutz vun de Biergerrechter asetzen a géint de Brexit protestéieren. D’Zukunft vun der europäescher Unioun läit nämlech an der politescher Participatioun.

Foto: Martine de la Gardière

Next post Previous post