Search

You may also like

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire
International Neiegkeeten

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire

Den onofhängege Gewerkschaftsbond (OGBL) huet sech dem politeschen Aktivismus am

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit
International Neiegkeeten

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit

Déi amerikanesch Police huet an engem Funerarium zu Detroit (Michigan),

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen
International Neiegkeeten

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass Oktober an schonn an esou muncher Entreprise huet

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet

Et soll keng geziilte Campagne zur Aflossnam gewiescht sinn

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet

Nodeems déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova hirer Iwwerzeegung, datt d‘Russen sech an den europäesche Wahlkampf agemëscht hunn, fräie Laf gelooss huet, ass sech der „Saach“ ugeholl ginn. Elo läit eng éischt Analys zu de russeschen „Aktivitéite“ vir.

Laut der Aschätzung vun der EU-Kommissioun, wier et tatsächlech esou, datt Moskau mëttels der Verbreedung vu Falschmeldungen (Fake-News) versicht hätt op d‘Europawahl Afloss ze huelen. Am Bericht vu Bréissel heescht et: „Déi gesammelt Beweiser hunn gewisen, datt russesch Quelle weiderhin Desinformatioun bedreiwen, fir d‘Wahlbedeelegung niddreg ze halen an d‘Preferenzen ze beaflossen“.

Am selwechten Toun gëtt bestätegt, datt net genuch Beweiser virleien, fir datt een hei vun enger geziilter Desinformatiounscampagne ze schwätzen, déi sech op d‘EU-Wahl vum Mee konzentréiert hätt. Dofir wier den Ëmfang vun ugeschwaten Themen ze breet opgestallt gewiescht. Esou soll et ëm d‘Legitimitéit vun der Unioun bis hin zu Migratiounsfroe gaange sinn. D‘Aart a Weis vum Virgank géif awer eng Bedreeung fir d‘EU duerstellen.

Dobäi hat Bréissel scho laang virun der Wahl virun de Russe gewarnt. An dësem Kontext hat d‘EU-Kommissioun Moossnamen ergraff déi zu engem besseren Informatiounsaustausch tëscht de Memberlänner gefouert huet. Net ze vergiessen, datt déi grouss Sozialnetzwierker (Facebook, Google, Twitter an esouguer d‘Firefox-Entwéckler) sech e fräiwëllege Verhalenskodex operluecht hunn. Huet et eppes bruecht?

Laut dem EU-Bericht: Jo! Si behaapten sech dann och drop, datt dës Aktiounen derzou Bäigedroen hunn, d‘Auswierkunge vun de Falschmeldungen ze begrenzen. Kléngt gutt, woubäi eng definitiv Bewäertung nach op sech waarde léisst. Dat huet bedauerlecherweis och domatter ze dinn, datt dat Digitaalt besonnesch bei den Decideuren e Buch mat 7 Rätsel ass, a sich sech op extern Beroder verloosse mussen. Dat kënnt dovu wann een am digitale Gruef läit.

Randnotiz:

Datt och d‘USA sech massiv mat Fake-News an den europäesche Wahlkampf agemëscht hunn, dat verschweigen se diskret. Et gëtt anscheinend genuch aner Sträitpunkte mam „Partner“, fir net och nach vun „Aflossnam“ ze schwätzen. Et ass deemno net weider schlëmm, datt den Donald Trump a seng „kleng Helferlein“ d‘Populisten an d‘Faschisten an Europa stäerke wëllen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Courtesy by © The Mac Oserver

Related topics EU-Kommissioun, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Hacker, Russland, Vera Jourova
Next post Previous post