Déi beschten Zeechentrickfilmer

Aus dem Alter, wou een Zeechentrickfilmer kuckt, kënnt een net méi eraus. Aus dësem Grond sinn hei dräi Favoritten vun der Redaktioun. Et gëtt esouvill Auswiel, eis géingen der sécherlech nach méi afalen …

Das große Krabbeln

D’Seechomes Flik ass nawell rosen. All Joer muss hiert Vollek eng Heespréngertegang mat duerchfidderen. Ma dat si Plogeeschter. De Flik ass sech sécher – déi mussen emol d’Lewitte gelies kréien. A fir dëst ze maachen engagéiert hien « Söldner ». Just schued, datt dat neurotesch Zirkusartiste sinn. Ginn si sech eens?

Bambi

D’Geschicht vu Bambi huet den éisträicheschen Auteur Felix Salten geschriwwen. An de Film ass mat Recht ee Klassiker ginn. D’Réikitz mat sengen treie Frënn, d’Kanengche Klopfer an d’Sténkdéier Blumm, haten immensen Succès. Tatsächlech ass eréischt am Joer Bambi 2 an d’Kinoe komm.

Ratatouille

Seng Gemeinachaft këmmert et einfach net, wat si op den Dësch kréien. D’Rat Remy wéilt awer gär als Starkach gefeiert ginn. Dee klenge Gourmet gëtt tatsächlech op Paräis gespillt. Ass hien sengem Dram méi no? Ratatouille bestécht net nëmmen duerch seng Kuliss, et ass ee Film mat Léift zum Detail.

Dernières nouvelles