Search

You may also like

Keng Kaddoe méi fir de Finanzsecteur
Meenung

Keng Kaddoe méi fir de Finanzsecteur

Nodeems déi Lénk festgestallt hunn, datt déi zweet Etapp vun

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon
Meenung

Eng erfollegräich Staffel mam Elmar Sprink a Sabrina Mockenhaupt beim Frankfurter Marathon

Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink

money
Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar
Meenung

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Zanter der Leschter Woch brauchen d‘Entreprise keng Autorisatioun méi, fir hir Mataarbechter ze iwwerwaachen. Déi national Dateschutzkommissioun muss net méi „gefrot“ ginn. Elo geet et duer, wann de Patron d‘Personal, d‘Personaldelegatioun oder d‘Aarbechtsinspektioun brauch nëmmen nach „informéiert“ ze ginn. Dës Entscheedung ass an der Chamber mam Gesetz 7049 geholl ginn.

An dësem Gesetz, datt vun de Gewerkschaften op dat schäerfst veruerteelt ginn ass, gouf wuel festgehalen, datt de Patron „all“ Mataarbechter ëm seng „Erlaabnes“ froe muss, mee dat setzt viraus, datt dësen dem Salarié op Aenhéicht begéint. Dat ass éischter seelen de Fall, an de Patron verfüügt iwwer genuch Drockmëttel, fir dem Mataarbechter dëse „Consentement“ ofzeknäppen.

Bei all der Iwwerwaachung am Alldag – wou beispillsweis dem Konsument seng Gewunnechte bei all Schratt festgehale ginn, oder an de sozialen Netzwierker an esou weider – hätt et op mannst bei der Aarbecht misse méiglech sinn der nationaler Dateschutzkommissioun, als Institutioun d‘Kontroll iwwert dat ganzt ze ginn. Hei huet d‘Politik däitlech déi falsch Interesse vetrueden.

Wien sech dann herno wonnert, datt et Kameraen op den onméiglechste Plaze wäert ginn, déi och duerchaus en déiwen Abléck an d‘Intimsphär kënne bidden – mir denken do un d‘Vestiairen oder d‘Toiletten – versteet wiem dëst Gesetz entgéint kënnt. Dem Salarié sécherlech net. An hei hätten déi Damen an Hären, déi am Oktober nees wëlle gewielt ginn, gutt gedoen dëst ze verhënneren.

Gutt si hunn et net gemaach, an dierften dofir gutt Grënn gehat hunn. Déi erschléissen sech eis net, an et dierft séier wéineg Salariéeë ginn, déi dat gutt fannen. Sech dergéint zur Wier setzen ass am Gesetz virgesinn, woubäi dat, bei der Aart a Weis wéi (ze vill) Patrone mat hire Leit ëmginn, uerg Konsequenze mat sech brénge kann. Dobäi ass der Regierung hir Aufgab de Bierger ze schützen.

Bon elo sidd der Gewarnt. Vläicht tréischt sech den een oder aneren domatter „datt hien näischt ze verstoppen huet“. Kann ee maachen, mee dat genau esou domm wéi et geféierlech ass. An hei ass dann och de GDPR keng Hëllef. Wat de Patron mat den Daten déi hien iwwert seng Aarbechter sammelt mécht, ass um Pabeier reglementéiert, mee wann et bis zum Sträit kënnt ass et ze spéit.

Related topics Gesetzprojet 7049, Iwwerwaachung, Patronat, Salariat
Next post Previous post