Search

You may also like

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen
International Neiegkeeten

Luxtram-Direktioun blockéiert weider d’Kollektivvertragsverhandlungen

Och déi lescht Verhandlungsronn a Saache Kollektivvertrag fir d’Employéë vum

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie
International Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie

D’Doktere vun der Welt setze sech virun allem aus Benevollen

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz
International Neiegkeeten

Franséisch Preambel zum G7-Sommet vu Biarritz

Well de Vladimir Putin net méi um groussen Dësch vun

Déi däischter Säit vum Ahornblat

Wéi d‘Europäer Kanada besidelt hunn, gouf sech ëm mannerwäertegen Humanressource gekëmmert

Déi däischter Säit vum Ahornblat

Kanada am 20. Joerhonnert, ënnerscheet sech vum Kanada zur Ära vun den Awanderer aus Europa, a ville Punkten nëmme marginal, an dat huet vill mat Respekt vun de Mënschen an der Humanitéit ze dinn. A well d‘Geschicht awer iwwer kuerz oder laang ëmmer nees alles Präisgëtt, mussen sech Generatioune fir d‘Verbrieche vun hire Virfaren entschëllegen.

Kanada

Am Weste vu Kanada, an der Stad Kamloops (Britesch Kolumbien) déi 1812 als Handelsposte vun der Hudson Bay Company gegrënnt gouf, huet et bis 1978 en Ëmerzéiungslager fir d‘Kanner vun den Urawunner ginn, datt bis haut als Internat bezeechent gëtt. Um Standuert vum als „Residential School“ bezeechenten Ëmerzéiungslager, sinn elo d‘Iwwerreschter vun 215 Kanner fonnt ginn…

Kanner vun den indigene Vëlker waren och gezwongen an esou Ariichtungen ze goen. Déi brittesch Kolonialmuecht, déi natierlech nëmme gutt Absichten hat, war beméit dëse mannerwäertege Wiese Relioun a Respekt virun der Hierarchie bäizebréngen. Där Ariichtungen huet et dann och dausenden a Kanada ginn. Géint Enn vum 19. Joerhonnert, war alle Kanadier bekannt, wat sech an dësen als Institutioun duergestallte Struktur tatsächlech ofspillt: Gewalt a Mëssbrauch géint mannerjäreger.

Kanada

Näischt war ee elo misst geschichtlech Opschaffen, oder woufir sech déi haiteg Generatiounen ze entschëllegen hätten… woubäi d‘Kanadier et maachen. Ob et ënnert de stierflechen Iwwerreschter Affer aus dësem Joerzéngt huet, firwat a wéi se gestuerwe sinn, dat soll net ënnert dem Mantel vun der Geschicht bleiwen. D‘Nofuere vun den Urawunner, schéngen hei un Opklärung interesséiert.

De Verdacht gouf et scho länger

Fir d‘Rosanne Casimir, Häuptling vun den „Tk‘emlúps te Secwépemc First Nations“, bestätegt sech mam Opfanne vun dëse Kannerläichen eng Anung déi jiddereen hat. Si huet ausgesot, datt ënnert den Affer och d‘Iwwerreschter vu Jongen a Meedercher am Alter vu bis 3 Joer fonnt goufen. Wat elo d‘Doudesursaach ass, dat muss nach ermëttelt ginn, woubäi et dozou och kloer Indizien huet.

D‘Struktur vu Kamloops war eng vun de gréissten, esou d‘Rosanne Casimir, déi bestätegt, datt dës Struktur vun der kathoulescher Kierch geleet gouf. Wéi frou besonnesch Kierchemänner mat Kanner sinn, a wéi verantwortlech d‘Kierch weltwäit mat Kanner ëmgaangen ass, muss haut net méi weider verdéift ginn. Wéi d‘Regierung iwwerholl huet, goufen d‘Bedingunge leider net besser.

Regierungen, datt ass bekannt musse jo op hir Ausgaben uecht dinn, firwat an dësen Haiser Honger gelidde gouf. Et war kee Geld fir eng ausräichend Verfleegung do. Jo et hat net emol genuch Goss, fir den Dout vun de Kanner, déi ënner staatlechem Schutz gestanen hunn, ze dokumentéieren. Mee d‘Zäiten hu sech geännert, an de Justin Trudeau well Opklärung: ouni Tabu, ouni weider Ligen.

2015 hat eng kanadesch Regierungskommissioun ee Bericht verëffentlecht, an deem sech iwwer dat ganzt Leed an dëse sougenannten „Erzéiungsinstitutiounen“ ausgelooss ginn ass. An dësem Bericht sinn och Aussoe vun Zäitzeien aus Kamloops enthalen. En Iwwerliewenden: „Jiddereen huet no Honger gericht“. Och mat der Hygiène soll een et zu Kamloops net esou streng geholl hunn…

mat indymedia/mtl

Annex: Bericht vun der Kommissioun fir Wourecht an Reconciliatioun (englesch Fassung)

Illustratioun: © Gramma Shingoose (courtesy)

Related topics Genozid, Indigen Vëlker, Internater, IRSSS, Kamloops, Kanada, kathoulesch Kierch
Next post Previous post