Déi éischt COP26-Woch an engem Saz

„De Weltklimasommet ass ee Feelschlag“ dixit: Greta Thunberg

Et ass eréischt déi 26. UN-Weltklimakonferenz an déi verbruete jonk Leit, déi sech ronderëm déi charismatesch Figure vun der haiteger „Klimaschutzjugend“ versammelen, hunn tatsächlech ganz zolidd Problemer mam Respekt. Si hunn et gewot, op enger vun de „Konzerner“ gesponserter Klimakonferenz, zu hirer Dausenden ze demonstréieren a méi Tempo vun der Elitt anzefuerderen.

Woubäi, eigentlech geet ee knallhaarde Systemwiessel a méi Klimagerechtegkeet agefuerdert, wat sécherlech – also bezunn op déi wou d‘Soen hunn – ee brutal utopesche Gedanken ass. De Problem vun dëse jonke Mënschen ass zudeem, datt si och éischter friddlech motivéiert sinn, also den Ament nach. Et kann een dëse „Kanner“ awer zumindest zougestoen, datt si déi besser Mënsche sinn.

Datt d‘Greta Thunberg an d‘Luisa Neubauer zu Ikone vun der Jugendbeweegung Fridays for Future (FFF) erhuewe goufen, ass keen Zoufall. Béid Damme hunn et drop dem Biooffall am politesche Kleed d‘Stier ze bidden an dësen hir verlugen Aussoen ëm d‘Oueren ze schloen. A gëschter war jo Freideg bei der COP26 zu Glasgow, an béid Knetzelen hunn de Marsch duerch d‘Stad ugefouert.

Eng Demonstratioun, déi wéi et sech gehéiert vun Dausende Schüler a Studente beherrscht gëtt. Et hat awer och ganz Familljen, Kannerkutsche ware grad esou vertruede wéi d‘Senioren, deenen et net schéngt egal ze sinn, wéi eng Welt si den nächste Generatiounen hannerloossen. A wann ee wuel vu gudder Stëmmung ënnert den Demonstrante schwätze kann, esou war d‘Enttäuschung gräifbar…

Eng Ried

Natierlech gehéiert zu enger Demonstratioun fir de Klima an dësem Kontext och eppes „Text“ an d‘Interventioun vum Greta Thunberg dierf een als Highlight, vun dëser „FFF vs COP26 Demo“ bezeechnen. D‘Greta gouf nach virum éischte Saz ovationéiert an d‘Knetzel vu grad emol 18 Joer, huet de „Granden“ eng kuerz awer dofir zoutreffend Remark an hir Konferenz-Agenda agedroen.

„Et ass kee Geheimnis, datt d‘COP26 ee Feelschlag ass. Dat heiten ass keng Klimakonferenz, dat ass ee Greenwashing-Festival vum globalen Norden, eng wou Wochen unhalend Festivitéit fir de ‚business ass usual‘ an dem Gebraddels“, esou d‘Greta Thunberg. Dat ass eng zimmlech rabiat awer treffend Ëmschreiwung fir dat wat engem zur Stonn am schottesche Glasgow esou gebuede gëtt.

Datt et ënnert der Elite och „Ausnamen“ huet, also Vertrieder deenen een mat eppes guddem Wëlle kéint „Absichten“ ënnerstellen, dierf net ausgeblent ginn. Esou huet beispillsweis de fréieren US-Vizepresident Al Gore, d‘Demonstrante mëttels engem Tweet gestäipt. Hie réit de Leader, wou un der Konferenz deel huelen, op d‘Jugend ze lauschteren an entspriechend ze handelen. Interessant…

Ee Gedanken deen de President vun dësem Greenwashing-Festival, Alok Sharma, deelt. Hien huet zumindest gemengt, datt hien d‘Roserei vun de jonke Mënsche versteet. Fir de Recht gëtt de gudde Mann ze bedenken, datt déi jéngst Zousoen awer géifen Hoffnung opkomme loossen. Esouguer de G20 hätt ugedeit, de Bau vu Kuelekraaftwierker net méi mat ëffentleche Mëttel ze finanzéieren.

Oder de Pakt, eppes géint d‘Methan-Emissiounen ze ënnerhuelen an d‘Ofholze vun de Bëscher ze stoppen. Alles Mesuren déi bis 2030 wëllen ëmgesat ginn, wann sech wirtschaftlech rechent an et net vun all ze vill Konflikter beanträchtegt géif ginn. Den Alok Sharma wëll drop uecht dinn, datt dës „Undeitungen“ an d‘Realitéit ëmgesat ginn. Op d‘COP45 (2030) dat bestätegt? Mol Kucken…

mat indymedia/gla

Dernières nouvelles