Déi Geimpft géint déi Ongeimpft, déi Gutt géint déi Béiss. (Lieserbréif)

Här Chamberpresident,
Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Ech erlabe mer als einfache Bierger, fir Iech dës E-mail ze schreiwen, well ech net mat der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg averstane sinn. Et gëtt ëmmer méi offensichtlech, datt d’Politik just nach iwwer dem Bierger säi Kapp ewech entscheet.

Dat betrëfft esou wuel d’Moossnamen a Bezuch op de Coronavirus, wéi och de Referendum iwwer déi nei Verfassung. De Referendum wëll ech an dëser E-mail awer net zum Thema maachen. Et geet mer, esou wéi vill anere Leit och, ëm déi onsënneg Moossnamen am Ëmgang mam Virus, déi a kengem Verhältnis méi mat der Realitéit stinn.

D’Regierung ass am gaangen eis Gesellschaft ze spalten a géinteneen opzehetzen. Déi Geimpft géint déi Ongeimpft, déi Gutt géint déi Béiss. Wësst dir, datt dowéinst Famillen a Frëndschaften zerbriechen? Et gëtt ouni mat der Wimper ze zécken, a Kaf geholl, datt d’Leit géigesäiteg openee lass ginn. All déi negativ Folge vun de Moossname ginn ignoréiert.

A fir nach eng dropzesetzen, wëll d’Regierung d’Moossname mam Covidcheck nach weider verschäerfen, obwuel weder d’Zuele vun de positiven Tester, nach d’Zuele vun den Hospitalisatiounen dëst kéinte rechtfäerdegen. Eist Land stoung an der Vergaangenheet vill méi schlecht do, wou nach kee geimpft war, an awer sinn d’Leit deemools net esou ënner Drock gesat ginn.

De 5.5.2021 huet den Här Premierminister Folgendes gesot: « Et gi Leit, déi wëllen net geimpft ginn. Dat hu mer ze respektéieren. Mir kënnen, mir dierfen d’Leit net verdamen an och net stigmatiséieren, déi e Refus hu vis-à-vis vun enger Vaccinatioun oder Leit déi eng aner Meenung hunn. Mir sinn an enger Demokratie an do ass et d’Recht vu jidderengem Eenzelen och eng aner Meenung kënnen ze hunn. » Wat ass säitdeem geschitt? Wou ass d’Regierung falsch ofgebéit an huet sech verrannt?

Wësst dir iwwerhaapt, wat de Covidcheck mat sech bréngt, fir déi Leit, deenen hir fräi Meenung de 5.5.2021 nach erlaabt war? D’Regierung zerstéiert mat dësem Gesetz ganz Existenzen. Et si Leit, déi riskéieren hir Aarbecht ze verléieren, hiren Daach iwwer dem Kapp, hir Famill, hir Frënn an och soss alles am Liewen. Et sëtze Leit doheem, déi fäerdeg mat den Nerve sinn, well hinnen d’Waasser bis zum Hals steet a kräische just nach. Leit déi keen Auswee méi am Liewe gesinn an esou guer Selbstmordgedanken hunn. Wéi kënnt der dat mat ärem Gewëssen ausmaachen?

A wéi ass dat iwwerhaapt mam Artikel 10bis aus eiser Verfassung vereenbar, wou et heescht « Les Luxembourgeois sont égaux devant la loi »? Déi selwecht Fro gëllt fir den Artikel 454 am Code Pénal, wou et heescht: « Constitue une discrimination toute distinction opérée entre les personnes physiques à raison […] de leur état de santé ».

Oder geet et hei guer net méi ëm den état de santé, mee just nach dorëmm, datt esou vill Leit wéi méiglech sech impfe loossen, ganz egal wat et kascht? Dat géif och erklären, firwat een sech net méi muss teste loosse wann ee geimpft ass, obwuel jo mëttlerweil gewosst ass, datt een de Virus och dann nach ëmmer kréien an aner Leit ustieche kann.

A kommt mer elo w.e.g. net domat, datt et nach ëmmer jidderengem fräisteet fir sech impfen ze loossen oder net. Duerch de Covidcheck gëtt faktesch eng Impfflicht agefouert. Et hat vun der Regierung bis elo just nach keen de Mutt, fir et oppen auszeschwätzen. Vu Fräiwëllegkeet kann een op kee Fall méi schwätzen. Fir en iwwerspëtzte Verglach ze maachen: Wann een engem d’Messer un den Hals hält, kann een och net méi behaapten, datt een d’Wäertsaache vu sengem Géigeniwwer fräiwëlleg ausgehännegt kritt huet.

Fir deem ganzen nach d’Kroun opzesetzen, kréie Leit wéi den Här Hammelmann vun RTL nach eng Bün gebueden, fir déi Leit, déi net vun der Impfung iwwerzeegt sinn, ëffentlech un de Pranger ze stellen an ze diffaméieren. Do gëtt deenen dann ënnerstallt, datt se eng niddreg Bildung hätten, näischt verstinn, a villäicht iwwerhaapt net liese kéinten.

Dat do grenzt schonn un Opruff zum Haass. Fannt der dat normal, datt esou Aussoe vun der Politik toleréiert an zum Deel nach ënnerstëtzt ginn? Eng Politik déi sech op de Fändel geschriwwen huet, eng oppe Gesellschaft ze fërderen, sech fir Diversitéit anzesetzen a Minoritéiten ze beschützen. Wéi géift der reagéieren, wann déi selwecht Aussoen iwwer eng aner Minoritéit hei am Land gemaach géifen? Ech huelen un, dat hätt Konsequenzen. An dat zu Recht. Stellt Iech w.e.g. selwer emol d’Fro, firwat et an dësem Fall net esou ass.

Ech wëll mech hei weder fir oder géint d’Impfung ausschwätzen. Ech vertrieden d’Meenung datt dat eng ganz perséinlech Entscheedung ass, déi jidderengem muss selwer iwwerlooss sinn. De Staat huet net d’Recht, fir engem dës Entscheedung opzezwéngen. Ech trieden a fir déi perséinlech Fräiheet, Toleranz an Akzeptanz an ech distanzéiere mech ganz kloer vun all deenen, déi mat hiren Aussoen Haass verbreeden an d’Gesellschaft spalten.

An ech stinn net eleng do mat menger Meenung. Nee, mer si keng Minoritéit méi, déi sech fir déi perséinlech Fräiheet asetzt. Dat beweist och eng Ëmfro am Luxemburger Wort, bei der iwwer 4.200 Leit ofgestëmmt hunn, geimpft an ongeimpft. Do sinn 73% der Meenung, datt d’Regierung ze wäit geet. An déi 73% stinn zesummen a loossen sech net spalten.

Grad esou wéi déi iwwer 10.000 Leit, déi d’Petitioun 1950 ënnerschriwwen hunn. An 2023 hunn dës Leit nach net vergiess wat geschitt ass. Si wäerten de Regierungsparteien dann d’Rechnung präsentéieren. Mer sinn all Mënschen, déi déi selwecht Rechter verdéngt hunn, ganz egal ob geimpft oder ongeimpft. Eis Rechter stinn an der Verfassung, net um Impfpass.

Ech si schockéiert vun deem wat zu Lëtzebuerg geschitt. Ech hätt et net fir méiglech gehalen, datt mer am Joer 2021 mussen op d’Strooss goen, an ëm eis Grondrechter kämpfen. Wou si mer ukomm? An dat alles, duerch eng Regierung, mat engem Mann un der Spëtzt, deen an engem gewësse Sënn selwer zu enger Minoritéit zielt.

Do hätt ech mer méi Fangerspëtzegefill erwaart. Dat ass net déi Gesellschaft, an der ech liewe wëll. An dat ass och net déi Politik, déi ech guttheeschen. An ech hoffen, datt dat do och net déi Gesellschaft ass, déi der Iech fir Iech an är Léifst wënscht. Et ass just nach traureg wat d’Regierung hei mécht. Dofir appelléieren ech u jidderee vun Iech, fir d’Gesetz vum Covidcheck ze stoppen an d’Gesellschaft net nach weider ze spalten a géinteneen opzehetzen.

Mat déiwem Respekt

Noriicht vun engem besuergte Bierger un d‘Chamber

Opmaacherbild: © Ogulucan Ercal / unsplash

Dernières nouvelles