Search

You may also like

Correspondance exquise: Eng surrealistesch Kommunikatioun tëscht dem Thierry Lutz a Jean-Claude Salvi
Business International Money Neiegkeeten

Correspondance exquise: Eng surrealistesch Kommunikatioun tëscht dem Thierry Lutz a Jean-Claude Salvi

Dat artistescht Spill vum sougenannte „Cadavre exquis“, dat sech an

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer
Business International Money Neiegkeeten

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!
Business International Money Neiegkeeten

Bierger fir Bierger invitéiert op säi 4. Spadséiergang duerch d’Stad!

Säit Enn Mee huet d’Beweegung Bierger fir Bierger dräi Spadséiergäng

money

Déi global Impfstrategie nei opstellen?

US-Regierung setzt sech an der WTO fir eng temporär Aussetzung vum Patentschutz an

Déi global Impfstrategie nei opstellen?

Datt d‘Ausmooss vun der Covid19-Pandemie eppes „aner“ fir net ze soen „aussergewéinlech“ Mesure brauch, dat gouf vun der Politik esou oft zum Ausdrock bruecht, dat de Begrëff schonn eppes ausgelutscht ass, mee et huet Ausnamen déi dëser Definitioun dann awer entspriechen.

Wann d‘USA aus Grënn bis ewell alles gemaach hunn, fir eng Lackerung an/oder Ausname beim Patentschutz (hei just bezunn op de Covid19-Vaccin) ze verhënneren, esou schéngt sech eppes wéi Vernonft breet ze maachen. Et ass natierlech net, well déi amerikanesch Politik sech iwwer Nuecht Empathie entwéckelt hätt, mee ganz däitlech den „Drock“ vun de Partner dee Wierkung weist.

Esou ass Indien, fir d‘USA net nëmmen ee ganz mächtege Wirtschaftspartner an en zouverlässegen Alliéierte géint d‘Räich vun der Mëtt, mee och den Impfstoff-Liwwerant vum schwaarze Kontinent. Woubäi grad Indien den Ament selwer masseg Problemer huet, an dat obwuel d‘Land iwwer déi weltwäit gréisste Produktiounscapacitéite verfüügt. Déi ze notzen ass d‘Zil vun der US-Regierung.

Aus dësem Grond setzen sech elo d‘USA bannent der Welthandelsorganisatioun (WTO) dofir an, datt et zu enger temporärer Ophiewung vum Patentschutz kënnt. Et géif ee sech wuel nach ëmmer voll a ganz dem geeschtegen Eegentum verflicht fillen, mee aussergewéinlech Ëmstänn verlaangen no aussergewéinleche Moossnamen. Et wäert allerdéngs nach dauere bis Verhandlungen ulafen.

Mam Profit mécht een net de Geck

Et heescht den US-President Joe Biden hätt perséinlech mat de „Besëtzer“ vun de Patenter geschwat an dës „ermontert“ ee Gest ze maachen. Interessant hei: direkt nodeems dat bekannt gemaach gi war sinn d‘Aktiëkurse vun den Impfstoffhiersteller ofgestierzt. Besonnesch betraff d‘US-Konzerner Pfizer a Moderna. Aktionären hunn eben hie eege Prioritéiten, an de Mënsch ass dat jo wuel net.

Mee d‘Pharmakonzerner mussen sech net allzevill Suerge maachen, si gi jo vun alle deene Länner gedroen an deenen si hire Sëtz a politeschen Afloss hunn. Esou heescht et dann och ganz am Eescht, datt ee Milliarden opgewannt hätt fir a Rekordzäit d‘Vaccinen op de Maart ze bréngen – woubäi ee séchergestallt huet keng Haftung fir Problemer iwwerhuelen ze mussen – an déi misst een aspillen.

Richteg, et goufe Milliarden an d‘Fuerschung investéiert, iwwer 60% vun de globalen Investitioune goufen allerdéngs mat Steiergeld iwwert den Ëmwee vu Subventiounen an/oder Bedeelegunge geleescht. Zudeem wier d‘Produktioun vun den Impfstoffer immens Komplex – wat jo erkläert firwat een d‘Produktioun vu Medikamenter an Impfstoffer an Indien an a China verlagert huet…

Amerikaner mat Empathie a Wäitsiicht

De Club „Pharmaceutical Research & Manufacturers of America“ huet säi President an d‘Renne geschéckt, fir de Joe Biden auszebremsen. De Stephen Ubl President vu „PhRMA“ betount mat gewoter Vehemenz, datt en aussetze vum Patentschutz d‘Sécherheet vun den Impfstoffer a Fro stellt an esou déi global Strategie zur Bekämpfung vun der Covid19-Pandemie ënnergruewe géif.

Fir de Stephen Ubl, deen a sengen „Erklärunge“ vum Michelle McMurry-Heath, d‘Cheffin vun der Handelsgrupp „Biotechnology Innovation Organization“, gestäipt gëtt, stellt emol aleedend fest, datt ouni Patentschutz d‘Leit ermontert géife Fälschungen op de Maart ze bréngen, zudeem géif een esou d‘Versuergungskette schwächen. Et géif hinnen an dësem Kontext och net ëm Geld goen.

Dat widdersprécht neeleg der Ausso, datt wann et zu Lackerunge beim Patentschutz kënnt, kee Konzern, kee Wëssenschaftler, jo net emol méi ee Laborant motivéiert wier, am Fall vun zukünftege Pandemien, Fuerschung ze bedreiwen. Ob dat fir „déi ganz Welt“ gemengt ass, oder et sech eleng op d‘USA an d‘EU (mat hire Partner) bezitt? Eigentlech egal, et geet jo just ëm Mënschen…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: Wann den Aktiëkurs méi wichteg wéi Mënscheliewen ass… © Chris Liverani / unsplash

Related topics Impfstrategie, Indien, Joe Biden, Patenter, Patentschutz, Pharmakonzerner, USA, WTO
Next post Previous post