Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach
Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just
Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just
Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech
Fir de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, war et
Déi gréng sinn der Opfaassung, datt d’Stad Lëtzebuerg – trotz vereenzelte Beméiungen – bei der Offallvermeidung, dem Recycelen an der Reparatur däitlech méi maache misst. Dëse Freideg wëlle si eng Motioun mat konkrete Fuerderungen am Stater Gemengerot areechen – getrei nom Motto: “Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!”
Laut dem Communiqué vun déi gréng produzéiert d’Stad Lëtzebuerg ze vill Offall. Obwuel ee sech am Beräich vun der Offallwirtschaft beméie géif, sou géif an der Haaptstad méi Knascht pro Awunner wéi an anere Gemengen ufalen. Gläichzäiteg wier de Recycling-Undeel manner grouss wéi déi national gesaten Ziler. Säit der Aféierung vun de bronge Bio-Poubellen 2012 an enger Upassung vun den Tariffer 2017 fir d’Trenne vum Offall finanziell méi attraktiv ze maachen, wiere soss keng nei Moossnamen ergraff ginn.
Dobäi fannen déi gréng, datt e grondleeënd Ëmdenke stattfanne muss. Virrangegt Zil misst et sinn, manner Offall ze produzéieren oder idealerweis ganz ze vermeiden – insbesonnesch bei Verpackungen an Eewee-Produiten. Recycling wier just déi zweetbescht Strategie, well heibäi grondsätzlech mannerwäerteg Produiten entstinn.
Deemno wier et wichteg, wann d’Stad Lëtzebuerg an der Offallwirtschaft eng Virreiderroll anhuele géif. Zil wier et, e ganzheetlechen Usaz ze entwéckelen an d’Offall-Quantitéit pro Kapp däitlech ënnert den haitege Wäert vun 553 kg erof ze setzen, wouvu momentan nëmmen 41,6% weiderverwäert ginn. Dës Statistike ginn aus dem Ëmwelt-Rapport 2017 souwéi dem Aktiounsplang 2018 vun der Stad Lëtzebuerg ervir.
Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) De François Benoy, d’Linda Gaasch an d’Christa Brömmel informéieren hei op der Pressekonferenz en Dënschdeg, wat fir Fuerderungen déi gréng dem Stater Gemengerot an hirer Motioun stelle wäerten. © déi gréng