Search

You may also like

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang
International Neiegkeeten

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang

Den 21. Mee 2019 sollt als wichteg Etapp am Entwécklungsprozess

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!
International Neiegkeeten

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!

D’Hygiènesmesuren a sanitär Reegelen si jo iergendwéi schonn zur Gewunnecht

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen
International Neiegkeeten

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

„Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

D’Europaparlament huet sech en Dënschdeg fir d’Aféiere vun engem Europäeschen Humanitäre Visum-System ausgeschwat an d’EU-Kommissioun zu engem entspriechende Gesetzesvirschlag opgefuerdert. Den Humanitäre Visa soll de Bedierftegen de Wee fir eng sécher a legal Arees an d’Europäesch Unioun op maachen, sou datt si eng Demande fir humanitàre Schutz oder Asyl stelle kënnen.

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz weist sech zefridde mat der Ofstëmmung vum vergaangenen Dënschdeg. „Mënsche solle fir Asyl an der Europäescher Unioun net hiert Liewe riskéiere mussen. Legal a sécher Areesméiglechkeeten an d’Europäesch Unioun kënne Schleiser d’Handiwerk leeën a Schutzbedierftegen sécher Fluchtweeër op maachen. D’Aféiere vun engem humanitäre Visa ass een Akt vun der Mënschlechkeet, eng Noutwennegkeet a laang iwwerfälleg.

Kuerz nom Vott vum UN-Migratiounspakt schécken d’Europadeputéiert haut ee staarkt Signal fir d’Humanitéit. D’Europaparlament iwwerhëlt d’Verantwortung bei der schneller Ëmsetzung vun den Zieler vum UN-Migratiounspakt a schwätzt sech fir eng legal, sécher a geuerdent Migratioun aus. Elo muss d’EU-Kommissioun schnellst méiglech een entspriechende Gesetzesvirschlag virleeën. Ech ruffen d’Memberstaaten dozou op, d’Initiative vum Parlament ze ënnerstëtzen an den UN-Migratiounspakt konsequent ëm ze setzen.

Mir mussen an der Europäescher Unioun dofir suergen, datt den Zougang zur Grondversuergung, zum Beispill zum Gesondheetswiesen an eng héichwäerteg Bildung, fir Mënschen op der Flucht garantéiert gëtt a Moossname fir eng besser Inclusioun an d’Stäerkung vum sozialen Zesummenhalt ergraff ginn.“

Den Hannergrond

D’Visae sollen op der Platz an den Ambassaden a Konsulater vun den EU-Länner ausgestallt ginn. D’Europäesch Kommissioun muss elo (geméiss dem Art. 225 AEUV) ee Gesetzesvirschlag fir den Europäeschen Humanitäre Visa virleeën, déi legal Weeër zur Arees an d’EU opmaachen an de Schleiser d’Handwierk leeën. Den Humanitäre Visa soll keng alternativ Areesméiglechkeet ersetzen.

D’Aféiere vum System vum Humanitäre Visa entsprécht dem Ziel vum UN-Migratiounspakt, fir eng Verbesserung vun der Disponibilitéit vu Weeër fir eng regulär Migratioun (Ziel 5), der Bewältegung vu prekäre Situatiounen am Kader vun der Migratioun (Ziel 7), d’Verstäerkung vun der grenziwwergräifende Bekämpfung vu Schleisunge vu Migranten (Ziel 9) an d’Eliminatioun vum Mënschenhandel am Kontext vun der internationaler Migratioun (Ziel 10).

Related topics Asyl-System, déi gréng, EU-Kommissioun, Europäeschen Humanitäre Visa, Flüchtlingen, Tilly Metz
Next post Previous post