Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen

Aiii dat ass nees ee kuriéise Feierdag fir all déi

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“
Neiegkeeten

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“

Dat neit Buch vun natur&ëmwelt Asbl presentéiert op 275 Säite

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!
Neiegkeeten

UAI mat „Upside Down“ – Esou soll de Lëtzebuerger Rap operstoen!

Schonn zënter 2003 ass de Rapper Uai, dee biergerlech Yves

Déi italienesch Credem verfuusst sech a léisst d‘Salariéeën am Ree stoen

Déi italienesch Credem verfuusst sech a léisst d‘Salariéeën am Ree stoen

No 45 Joer Präsenz am Grand-Duché, huet déi italienesch Credem International (Luxembourg) S.A. es genuch, an esou ass entscheet ginn, datt een d‘Aktivitéiten astellt. Mat 15 Salariéeën net déi gréisste Bank, mee awer grouss genuch, fir sech engem Sozialplang ze verwieren.

D‘Gewerkschaften aus dem Finanz- a Bankesecteur (ALEBA, LCGB-SESF, OGBL-SBA) waren Enn Juli „ageluede“ gi fir mat der Direktioun vun der Credem (enger Filial vun iwwer 100 järeger Bank Credito Emiliano) e Sozialplang auszehandelen, vun deem den Ensembel vum Personal (hei all déi 15 Salariéeë vu der Bank) betraff ass.

Verhandlungen déi keen zefriddestellend Resultat opzeweisen hunn, féieren noutgedronge bei de Conciliateur, an esou ass den nationale Büro fir d‘Conciliatioun (ONC) den 9. August saiséiert ginn. Eng gutt Geleeënheet fir d‘Gewerkschaften den aktuelle Stand vun der Situatioun ze erklären.

Net gewëllt sech fir Domm verkafen ze loossen

An engem gemeinsame Communiqué, deelen d‘Gewerkschafte mat, datt d‘Credem, déi sech ëmmer op trei Mataarbechter verloosse konnt (d‘Moyenne vun der Anciennetéit läit bei 20 Joer) an ganz gutt vun hirer Aarbechtsleeschtung profitéiert huet (iwwer 18 Milliounen Euro Benefice, ass déi iwwert déi lescht 10 Joer erziilte Joresmoyenne), sech senge Salariéeën „bëlleg“ entleedege wëll.

Et ass dann och d‘Aart a Weis vun der Direktioun déi de Salariatsvertrieder den Hutt héich goen dinn. Fir unzefänken, muss festgestallt ginn, datt déi Leit wou verhandelen, net ermächtegt sinn Entscheedungen ze huelen. D‘Direktioun vum Grupp an Italien, refuséiert awer all Dialog.

Datt déi wou „verhandele“ sollten, datt awer eigentlech net wollten, direkt emol kloer gemaach hu wouhinner „d‘Rees goe soll“, erkennt dorunner, datt si den éischten Dag mat engem Projet virun d‘Gewerkschafte getruede sinn, deen aus ganzer dräi Zeile bestanen huet. Wann et Sënn an Zweck vun dëser Entrevue war, ze erklären datt ee keng Loscht huet, dann hu se deen erfëllt.

Affekote schaffen och nëmme fir (vill) Geld

D‘Goldmedail bei dëser „Verhandlung“ geet awer un den Affekot vun der Credem. Hei hunn déi op Dialog agestallte Gewerkschafte misse feststellen, datt déi vum Affekot iwwerreechten Dokumenter vun der Bank, e kenger Hisiicht d‘Realitéit vun de Verhandlungen erfaassen.

An hei zeechent sech eppes of, wat fir allgemengt Onverständnes suergt. „Esou eppes huet et nach ni bei Verhandlungen zu Sozialpläng am Finanzsecteur ginn!“, stellen d‘Gewerkschafte fest. Esou bleift festzehalen, datt d‘Gewerkschaften an d‘Salariéeën déi vun der Credem virgeluechte Propose, als beleidegend a respektlos hu missen zréckweisen.

Dat wat proposéiert gëtt, läit wäit ënnert deem wat üblecherweis ugebuede gëtt. Méi däitlech: et entsprécht net emol dem véierel vun deem wat am Lëtzebuerger Bankesecteur Usus ass. Dat heescht datt all déi Leit, sech rapid an enger schwiereger finanzieller Lag wäerten erëmfannen.

Dat lescht Wuert ass nach net gesprach ginn

ALEBA, LCGB an OGBL hunn awer net wëlles sech op den Aarm huelen ze loossen a si ferm decidéiert et mat der Credem opzehuelen. Si denoncéieren dann och e Beholl, mat deem d‘Bank däitlech mécht, datt si net gewëllt waren, an och net gewëllt sinn, hirer sozialer Verantwortung gerecht ze ginn. Dat mam Concours an op Rotschlag vun hirem Affekot.

Bedenkt wat d‘Salariéeë vun der Credem iwwert d‘Joerzéngte fir dëst Finanzinstitut gemaach hunn, a wat se an all de Jore bereet waren op sech ze huelen, fir datt et der Bank gutt geet, ass d‘Verhale vun der Direktioun net nozevollzéien.

Dat läit awer och an der Natur vun enger Direktioun déi net ermächtegt ass eng Decisioun ze huelen an Italien ass „wäit“ vum Schoss. Et ass hinnen dann och schonn aus Prinzip léiwer, „vill“ Geld un en Affekot ze iwwerweisen, wéi den eegene Leit, déi engem ëmmer Trei zur Säit gestane sinn, e Sozialplang unzebidden, mat deem een eppes wéi „Respekt“ bewisen hätt. Kapitalismus eben…

Related topics ALEBA, Bankesecteur, Credem, LCGB-SESF, OGBL-SBA
Next post Previous post