Search

You may also like

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
Neiegkeeten

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht

Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi

Gemeinsam handele Statt Ofschottung
Neiegkeeten

Gemeinsam handele Statt Ofschottung

Zanter dem Mëtt Mäerz sinn d‘Grenzen tëscht Lëtzebuerg, Däitschland a

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten
Neiegkeeten

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten

Iwwer 100 Prostituéiert hunn um 2. Juni 1975 d’Kierch Saint-Nizier

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19

An der neister Matdeelung vun déi jonk gréng ginn d’Iddien fir d’Zäit no Covid-19 presentéiert. Heibäi geet et ëm d’Beräicher Ëmwelt, Klima, Wirtschaft, Soziales an Aarbecht, déi unhand vun verschidde Punkten an Erklärunge méi genee demonstréiert ginn.

Déi aktuell Kris an där mir stiechen ass nach laang net eriwwer, an awer mussen Decisioune geholl ginn, fir de gesellschaftlechen a wirtschaftleche Modell méi resistent géint d’Kris, méi nohalteg, gerecht a sozial auszebauen.

„De Klimawandel waart net – dofir welle mir dëse Moment notze fir eis Prioritéiten nei ze definéieren an de Mënsch an d’Natur an de Mëttelpunkt vum politesche Geschéie ze setzen. Als jonk gréng si mir der Meenung, dass d’Relance vun eiser Wirtschaft a vun eisem gesellschaftlechen Alldag Hand an Hand gi mat enger ekologescher a sozial gerechter Transitioun“, sou déi jonk gréng.

D’Dokument „Eng Welt no Covid-19“ kënnt Dir HEI eroflueden, oder op jonkgreng.lu noliesen.

Related topics Aarbecht, déi jonk gréng, Dokument, Ëmwelt, Iddien, Klima, Sanitär Kris, Wirtschaft, Zäit no Covid-19
Next post Previous post