Search

You may also like

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen
Neiegkeeten

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen

Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?
Neiegkeeten

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet de

Wéi gutt kenns du eis Séien?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Séien?

[onionbuzz quiz-id=52][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet net vill Séien, mee si hunn

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen

Um Samschdeg hunn déi jonk gréng hir alljärlech Generalversammlung ofgehalen an en neie Virstand gewielt. De Joël Back (25) gouf als Spriecher bestätegt an d‘Tanja Duprez (25) gouf als nei Spriecherin gewielt. D‘Jessie Thill hat sech no zwee Joer, net méi fir de Posten asl Spriecherin opgesat a wëll sech op hir Aarbecht als Schäffin an der Gemeng Walfer konzentréieren.

De Félix Schmit (27) ass sengersäits als Caissier bestätegt ginn. Zum Virstand vun „déi jonk gréng“ gehéieren nach de Liam Bremer (21), Fabricio Costa (26), Kris Hansen (22), Claire Remmy (22), Catherine van Rijswijk (29), Jessie Thill (25) an Amy Winandy (23).

déi jonk gréng blécken op ee speziellt Joer zréck, bei deem trotz de sanitären Ëmstänn, d‘Motivatioun bei de Memberen net nogelooss huet an déi digital Méiglechkeete voll ausgeschëpft goufen. Vun engem Dokument mat positive Visioune fir eng Welt no Covid19, iwwert en online Mobilitéitsfestival bis hin zur Ausaarbechtung vun engem feministesche Kaartespill, waren all Themeberäicher a Formater derbäi.

D‘Tanja Duprez erkläert: „Lëtzebuerg huet sech an de vergaangene Méint ambitionéiert Klimaziler gesat. Als déi jong gréng wëlle mir elo dës Ziler mat Liewe fëllen an dären Ëmsetzung virundreiwen. Dozou gehéiert och, wichtege Beräicher wéi beispillsweis: Mobilitéit, Logement a Gesondheet, mat kreativen an neien Iddien ee gréngen Ustrach ze verpassen a gläichzäiteg strukturellen Ongläichheeten an der Gesellschaft entgéintzewierken“.

De Joël Back füügt bäi: „Duerch d‘Pandemie sinn Theme wéi mental Gesondheet, d‘Systemrelevanz vu schlecht bezuelte Beruffer an ongläich Bildungschancen, méi staark an dat allgemengt Bewosstsinn getrueden. D‘Politik ass gefuerdert, Léisungen ze fannen an dozou wëlle mir weiderhin eise Beitrag leeschten. Jonk Mënsche sinn am politeschen Debat ënnerrepresentéiert, dofir muss déi politesch Bildung verstäerkt an och nees iwwert ee Walrecht ab 16 geschwat ginn“.

Matgedeelt vun „déi jonk gréng“ – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Den neie Virstand vun „déi jonk gréng“ © déi jonk gréng

Related topics déi jonk gréng, Erausfuerderungen, Generalversammlung, Virstand, Walrecht ab 16
Next post Previous post