Search

You may also like

Gemeng Koplescht: Vereedegung vum neie Buergermeeschter an dem Schäffen
Meenung Neiegkeeten

Gemeng Koplescht: Vereedegung vum neie Buergermeeschter an dem Schäffen

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 14. November 2020 ass den

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“
Meenung Neiegkeeten

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn
Meenung Neiegkeeten

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn

Scho säit Mëtt Juli luet den Tunnel am Gronn op

Déi Jonk um Wee eraus aus der Pandemie net vergiessen

Déi Jonk um Wee eraus aus der Pandemie net vergiessen

Als jonk gréng begréisse mir déi nei Lackerungen déi d’Regierung um Wee eraus aus der Pandemie decidéiert huet. Mir si frou, dass villes erëm opgeet, d‘Spärstonn opgehuewe gëtt an datt d’Aschränkunge vun eise Grondfräiheete lues a lues op en Enn ginn.

Mir fuerderen awer, datt déi Jonk, déi nach net d’Chance haten, sech impfen ze loossen, am selwechte Mooss vun dëse Fräiheete profitéiere kënne wéi all déi aner. Obwuel d’Annonce positiv ass, datt all Jonken 1 gratis PCR Test zur Verfügung gestallt kritt, esou geet dat eiser Meenung no bei Wäitem net duer. Déi Jonk mussen op d’mannst eemol de Mount d’Méiglechkeet kréien, sech engem gratis PCR-Test ze ënnerzéien.

Hei ass et wichteg fir eng gewëssen zäitlech Previsibilitéit a Flexibilitéit ze suergen, soudass een sech de jeeweilegen Zäitpunkt vum Test a Funktioun vu sengem Privatliewen eraussiche kann, z. B. kuerz virun enger Vakanz. Zousätzlech fuerdere mir Bonge fir zertifiéiert Schnelltester an den Apdikten, fir datt Jonker wéinstens eemol an der Woch ouni Zousazkäschten um soziale Liewen, op dat si esou laang verzicht hunn, kënnen deelhuelen – sief dat fir an e Café oder Restaurant ze goen oder u gréissere Kultur-a Sportveranstaltunge kënnen Deel ze huelen.

Déi Jonk hu wärend der Pandemie op vill wäertvoll Experienze verzicht fir hir méi vulnerabel Matmënschen ze schützen. Elo sinn et si déi am längste musse waarde fir voll geschützt ze sinn. Dofir ass et un der Zäit fir hinnen eppes zréckzeginn, als Merci fir hir grouss Solidaritéit wärend der Kris.

Mir proposéieren e Fräizäit-Bong am Wäert vun 300€ fir all Jonken tëschent 16 a 24 Joer. Dëse soll 3 Joer laang gülteg sinn, fir dass déi Jonk genuch Zäit hunn dat wat se verpasst hunn nozehuelen an hir Jugend voll ze genéissen. Well och déi Jonk ënner 16 wärend der Pandemie vill gelidden hunn, soll dës Offer e puer Joer laang bestoe bleiwe fir datt all Jugendlechen an de Genoss vun deenen Aktivitéite komme kann.

De Bong soll fir folgend Aktivitéiten ageléist kënne ginn:

  • Nohalteg reese mat Iwwernuechtungsméiglechkeeten an Zuchticketen an der Groussregioun fir déi divers Attraktiounen aus eiser interkultureller Regioun kennenzeléieren
  • Kultur erliewe mat Kino, Theater, Concerte vu Klassik bis Rock, Festivaller, …
  • Sportsaktivitéiten ewéi Kloteren, Kayak fueren, Seegelen, …
  • Sonsteg Fräizäitaktivitéiten, ewéi z.B. de Besuch an engem Fräizäitpark

matgedeelt vun déi jong gréng

Illustratioun: © Dave Spies / unsplash

Related topics déi jonk gréng, Flexibilitéit, Jugend, Pandemie, PCR-Test, Previsibilitéit
Next post Previous post