Search

You may also like

Dat urbaant Liewen a Post-Covid19-Zäiten
International Neiegkeeten

Dat urbaant Liewen a Post-Covid19-Zäiten

Den Departement vum territorialen Amenagement vum Energieministère (DATer, MEA), an

Algerien: Parlament opgeléist, Neiwalen ugekënnegt
International Neiegkeeten

Algerien: Parlament opgeléist, Neiwalen ugekënnegt

Den algeresche President Abdelmajid Tebboune an enger Usprooch op der

58. Biennale vu Venedeg – Konscht mat Mënsch a Mier fir Lëtzebuerg!
International Neiegkeeten

58. Biennale vu Venedeg – Konscht mat Mënsch a Mier fir Lëtzebuerg!

Um vergaangenen Donneschdeg huet eis Kulturministesch Sam Tanson d’Rees op

Kee Waasser fir déi kalifornesch Landwirtschaft

Am Nordweste vun den USA huet et eng extrem Dréchent an d‘Autoritéiten hunn eng drastesch Moossnam ergraff: si hunn dausende Mënschen d‘Waasser ofgeschnidden. Betraff sinn virun allem d‘Baueren…

Kee Waasser fir déi kalifornesch Landwirtschaft

Wéi d‘Apokalyps ausgesäit, dat huet Hollywood a ville Fiktioune gewisen, an wat de Mënsch sollt Amstand si fir sech Waasser ze besuergen, doriwwer muss sech net gestridde ginn. Interessant dann och, datt et elo d‘Amerikaner sinn, déi um dréchene Sëtzen. Sécher ass d‘Dréchent a Kalifornien elo keen ongewinnt Phenomen, bis heihinner awer war de Leit d‘Waasser nach net ofgespaart ginn.

Säitens dem kalifornesche Waasserwirtschaftsamt (California State Water Resources Control Board) heescht et, datt a ville Bezierker vum Bundesstaat d‘Situatioun bedreelech ass. Zanter d‘Wiederdate vun den Autoritéiten opgezeechent ginn, ass et dat zweet dréchenst Joer (an et ass nach net eriwwer) datt a Kalifornien registréiert gëtt. An d‘Autoritéiten hunn dann och missen eng Decisioun huelen.

Et ass ab direkt dausende Bauere verbueden sech d‘Uewerflächewaasser aus de Séien, Flëss oder de Kanäl vum Sacramento-San-Joaquin Delta ze huelen. Vun dëser Mesure betraff sinn eng 5.700 Beneficiaire vu Waasserrechter am Central Valley wéi och dem Norde vum Bundesstaat. Ëmgesat gëtt dat ab dem 18. August, woubäi et elo schonn ze wéineg Waasser fir Landwirt a Mënschen huet.

Ganz ofgeschnidde ginn d‘Leit vum Waasser dann awer net. Et gëtt Waasser fir den alldeegleche Gebrauch: Drénke/Kachen, Wäschen an Duschen. Fir d‘Baueren ass et batter. Wie ka verkeeft säi Véi, well ausser dem Waasser, feelt et natierlech ënnert dëse meteorologesche Konditiounen um Fudder fir d‘Béischten. Finanzreserven hunn déi mannst, Hëllef vum Staat ass éischter onüblech.

Esou nach net gesinn

Wann d‘Landwirt natierlech un esou Periode gewinnt sinn, firwat se méi oder wéineger alleguerte Waasserréckhaltebecken ugeluecht hunn, wou dann de Reen aus dem Hierscht an dem Wanter kann opgefaange ginn, dann ass dat dëst Joer villeruerts anescht. Zum engen hat et manner Néierschlag an leschter Reeperiod, zum aneren huet et dat nach net ginn, datt Ufank August d‘Becken eidel sinn.

D‘Experte confirméieren hirersäits, datt zanter Joerzéngten dem Buedem méi Waasser entzu ginn ass, wéi d‘Natur Zäit hat dës Späicher nees opzefëllen. Et war bis ewell Usus, d‘Bierger zum Waasserspueren ze animéieren, d‘Landwirtschaft war dovunner ëmmer ausgeholl ginn. Mat den hei ergraffe Mesuren, gëtt sech ganz däitlech un d‘Bauere gewannt. Mee kréien si dat gemeeschtert?

Et muss dofir drun erënnert ginn, datt d‘Dréchent a Kalifornien eng geschichtlech “Konsequenz“ ass. Wéi de „Wäisse Kolonialist“ dem Urawunner net nëmmen d‘Land mee och nach direkt d‘Liewe mat ofgeholl hat, ware si net nëmmen dovunner iwwerzeegt d‘Land dominéieren ze kënne mee, haten et net mam Rechnen. Si sinn dovunner ausgaangen, datt et Waasser am Iwwerfloss huet.

Et war alles bekannt

Séier gouf bewosst datt dem net esou ass, an iwwer Joerzéngten ewech ass un enger kënschtlecher Waasserwelt gebaut ginn, fir eben d‘Waasser bei d‘Bauerenhäff an an d‘Stied ze bréngen. De ganze Bundesstaat ass op d‘Waasser aus de Bierger an der Sierra Nevada ugewisen, dat iwwer ee grousst Verdeelersystem an de Central Valley an de Süde vum Bundesstaat geleet gëtt. An hei klemmt et.


De „ Lake Oroville“ ass den zweet gréisse Waasserreservoir vu Kalifornien. Dat éischt Bild gouf den 3. August 2019 opgeholl, dat ass vum 2. August. De Pegel-Ënnerscheed tëscht béiden Opname bedréit 68,5 Meter. Kléngt beonrouegend… (Fotoe via Copernicus Sentinel Hub)

De System mat Kanäl a Reservoire war wuel bei der Konzeptioun flott geduecht, allerdéngs gouf dat Ganzt op eng Populatioun vu ronn 20 Millioune Mënschen ausgeluecht. Datt sech dat da bei 40 Milliounen Awunner net méi ganz esou op geet, wuel previsibel. Mee grad esou wéi dee ganzen elektresche Reseau, esoulaang nach en Dollar Profit ze maachen ass, gëtt keen investéiert.

A well et den Autoritéiten u Wäitsiicht gefeelt huet, den Appeller vu Meteorologe a Geologen net Rechnung gedroe gouf an ee sech wuel och net mat der Landwirtschaftslobby wollt uleeën, dreet Zukunft vun der kalifornescher Landwirtschaft schlecht opgestallt ze sinn. Ekonomiste schätzen, datt ënnert den aktuellen Ëmstänn, bannent 5 Joer en Drëttel vun den Häff wäert verluer sinn.

mat indymedia/lax

Foto: Ee vun de wéinege Bewunner vu Kalifornien, dee sech net esou un der Dréchent stéiert. © Duncan Sanchez / unsplash

Related topics Dréchent, Fudder, Kalifornien, Klimawandel, Landwirt, Penurie, USA, Waasser
Next post Previous post