Search

You may also like

Een Atomhaftungsgesetz fir Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Een Atomhaftungsgesetz fir Lëtzebuerg

Datt de Rapporteur vun déi gréng, François Benoy, e flott

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village
International Neiegkeeten

Ab e Mëttwoch lackelt de Knuedler mam Food Village

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt ab e Mëttwoch, de 7.

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechente Sesam am Humus vu „Boni Selection“

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet matdeelen, enthält den Humus

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen

Haut muss sech déi kathoulesch Kierch an Däitschland zum „sexuelle Mëssbrauch“ a senge Reien erklären. Dausende Kanner waren Affer vun dësen Iwwergrëff ginn.

Nodeems et der Kierch net méi méiglech war ze vertuschen a verheemlechen, soll elo d‘Kultur vum Schweigen an de Skandaler op der ganzer Welt, gebrach ginn. Déi däitsch Bëschofskonferenz, déi nach bis e Freideg zu Fulda soll e „schwéiere Rapport“ virleeën déi vun der kathoulescher Kierch viru véier Joer „bestallt“ ginn ass.

An dësem Rapport sinn iwwer 3.600 Affer, fir den Zäitraum 1946/2014, identifizéiert ginn.

„Et ass net einfach vu sexuellem Mëssbrauch an der Kierch ze schwätzen, mee et dierf een sech der Erausfuerderung net verweigeren“, sot kierzlech de President vun der Bëschofskonferenz, de Kardinol Reinhard Marx, am Verlaf vun enger Mass. Dat allerdéngs och eréischt nodeems vun de Medien, Schlësselpassagen aus dem Rapport zitéiert goufen.

„Gott leit ënnert deem wat mir net gesinn, wat mir ignoréiert a wat mir net gegleeft hunn“, esou de Reinhard Marx, dee vun enger „Schan“ fir d‘Kierch schwätzt. Eng Kierch déi „sech erneiere muss“. Déi däitsch Justizministesch, fuerdert dann och eng kulturell Verännerung innerhalb dëser Kierch. „Si muss sécherstellen, datt déi Schëlleg bestrooft ginn“, esou d‘Katarina Barley am „Der Spiegel“.

Nëmmen d‘Spëtzt vum Äisbierg

„Mat dësem Rapport vun 356 Säiten, läit e bedréckend d‘Dokument vir, datt op d‘Verbrieche vum Klerus ageet“, resuméiert „Der Spiegel“. Hei si mindestens 3.677 Affer, fir hir Majoritéit, jonk Bouwen ënner 12 Joer, déi vu ronn 1.670 Kierchemänner mëssbraucht goufen. Zuelen déi „schocken a mat Sécherheet nëmmen d‘Spëtzt vum Äisbierg sinn“, esou d‘Justizministesch.

Erënnere mir dann drun, datt et déi kathoulesch Kierch selwer war, déi dës „Enquête“ an Optrag ginn huet. Dat fir ze erklären, datt de Konsortium vun den Universitéite vun: Mannheim, Giessen an Heidelberg, déi d‘Enquête gefouert hunn, keen direkten Accès zu de 27 Diözesen erhalen huet.

Si hu sech misse mat der Analys, vun den 38.000 Dossieren a Manuskripter, déi vun der Kierch ausgewielt a selektionéiert goufen, zefridde ginn. An d‘Auteure vum Rapport sinn däitlech: „d‘Kierch huet iwwer Joerzéngten ewech ongezielten Dokumenter zerstéiert oder manipuléiert, an den Ëmfang vun de Strofdote miniméiert“.

De Jörg Schuh, Spriecher vum Zenter fir d‘Opnam vun Affer vu sexuellem Mëssbrauch „Tauwetter“ fuerdert vun der Kierch „sech endlech dësem Problem unzehuelen“. Hie bezeechent déi kathoulesch Kierch zudeem als „kriminell Organisatioun“, eng Institutioun déi d‘Verbrieche vu senge Kader deckt a verheemlecht.

„Ech si vun dëser Etüd net iwwerrascht, awer frou datt endlech emol Zuele virgeluecht ginn, an et wéinstens am Usaz méiglech ass, sech dem Ëmfang vum Problem bewosst ze ginn. Et erlaabt zudeem ze gesinn, wéi vill Paschtéier schëlleg sinn. An der Etüd ass ëmmerhi rieds vu 4 bis 5% vum däitsche Klerus“, esou de Jörg Schuh.

Wou een och hikuckt: Skandal!

Grad emol en Drëttel vun de „Verdächtegen“ hunn sech misse Prozeduren no kanouneschem Recht ënnerzéien. D‘Sanktioune waren „e schlechte Witz“, si hunn haaptsächlech doranner bestanen, déi „schlecht Elementer“ ze versetzen, ouni datt d‘Communautéit iwwert déi potentiell Gefore fir d‘Kanner informéiert gi wieren. Schlëmmer nach, fir d‘Auteure vum Rapport léisst näischt drop schléissen, datt dës „Thematik“ der Vergaangenheet ugehéiert.

Australien, Chile, USA, Däitschland… D‘Welt ass voll „Beschëllegungen“ vu Vergewaltegung, sexuellem Mëssbrauch, Pedophilie, a physescher Gewalt, géintiwwer der kathoulescher Kierch a sengen „Würdenträger“.

De Poopst François, deen sech och net der Kritik konnt entzéien, well hien dat mat der „Gestioun vun de Skandaler“ net op d‘Rei kritt huet. Elo huet den ieweschte Kierchemann fir de Februar 2019 eng Reunioun am Vatikan aberuff. Hei sollen sech all d‘Presidente vun de Bëschofskonferenzen op der Welt zesummesetzen. Thema: „de Schutz vu Mannerjäregen“.

An Däitschland sinn et dann net d‘Skandaler déi feelen. E vun de memorabelste betrëfft d‘Chouer vu Regensburg (Regensburger Domspatzen). Aus engem Beriicht vum Juli 2017 ass ze enthuelen, datt mindestens 547 Kanner esouwuel Gewalt wéi och sexuellem Mëssbrauch ausgesat waren, och vu Vergewaltegung ass rieds gaangen. Dat fir den Zäitraum tëscht 1945 an 1992.

De Brudder vum Poopst Benedikt XVI, Georg Ratzinger, soll sengerzäit bewosst d‘Ae verschloss hunn, wéi hie vun 1964 bis 1994, dësen „dausendjärege“ Chouer geleet huet. Hien huet ëmmer nees verséchert, vun näischt gewosst, näischt gehéiert oder gesinn ze hunn. Schwéier ze gleewen…

mam Isabelle Le Page/AFP

Foto: De Kardinol Reinhard Marx: Äerzbëschof vu München a President vun der däitscher Bëschofskonferenz hält seng Erëffnungsried zu Fulda. Hei soll sech dem sexuelle Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch ugeholl ginn. D‘Kierch huet selwer eng „Enquête“ an Optrag ginn, an dierft mat Resultat, obwuel si alles gemaach hunn fir eng Recherche ze behënneren, net zefridde sinn. © Arne Dedert/dpa/AFP

Related topics Däitschland, Gewalt, Kardinol Reinhard Marx, kathoulesch Kierch, Pedophilie
Next post Previous post