Search

You may also like

Kee gutt Reklamm-Joer fir déi Lëtzebuerger Medien
Money Neiegkeeten

Kee gutt Reklamm-Joer fir déi Lëtzebuerger Medien

Datt duerch den Afloss vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch

50. Reunioun vum CAHAMA
Money Neiegkeeten

50. Reunioun vum CAHAMA

Um Dënschdeg huet eise Sportminister Dan Kersch (LSAP) un der

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn
Money Neiegkeeten

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn

E Méindeg hunn d‘Piraten an der Gemeng Péiteng eng Motioun

money

Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!

Eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert per Pressematdeelung op de Budget fir d’Joer 2019, deen den Här Finanzminister Gramegna als “gesond” Basis fir Kompetitivitéit, sozial Gerechtegkeet, a Nohaltegkeet titeléiert an de 5. Mäerz 2019 an der Chamber virgestallt huet.

Am Fokus steet hei de Staatsbudget a sengem Total, deen trotz gutt lafender Konjunktur, e Minussold vun – 815.167.000 € – also ronn 800 Milliounen € opweist. D’Verschëldung vum Zentralstaat u sech, bleift weiderhin e Milliounelach an der Keess, well d’Depensesäit mat 19,6 Milliarden € méi héich ass ewéi d’Recettesäit – oder anescht: keen Equiliber, mä eng defizitär Augmentatioun vu bal 6 %! Och déi zentral Administratioun schléisst mat engem Milliouneminus of. D’Staatsschold läit enger Pronostic no, deemno bei 20,2 % Enn dëses Joers. Laanscht d’Wourecht kënnt och eise Finanzminister net, dee selwer agesteet, datt d’Schold an absoluten Zuelen, bis 2022 weider eropgoe wäert.

Fir déi Konservativ ass et eng Onverständlechkeet, wéi esou eng desaströs Finanzlag zustane kënnt, wann eng Wirtschaft gutt leeft, an op allgemengen, ekonomesche Fortschrëtt ze bauen ass. Mä mir sinn iwwerzeegt: D’Regierung verbrennt d’Geld an enger helle Wull vun Investissementer ouni Plang a Verstand. Do kann och d’Regierungspropaganda ëm e “virbildleche Klimaschutz” a “sozial Assistenz” net iwwert d’Realitéit ewechtäuschen …

Fir eis Partei steet jiddefalls fest: Et ass e Gepiddels a Gespills mat de Steiersuen, mä keng seriö Finanzpolitik! Et ass eng Finanzgestioun “à la Dagobert Duck”, just ouni d’Milliounen!

matgedeelt vun déi Konservativ

Related topics Budget 2019, Dagobert Duck, déi Konservativ, Finanzminister, Pierre Gramegna
Next post Previous post