Search

You may also like

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn
Kultur Neiegkeeten

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn

An enger Sonnersëtzung huet dat irakescht Parlament eng onverbindlech Resolutioun

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!
Kultur Neiegkeeten

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!

Den 9. November sinn et genau 30 Joer hier, datt

Berg-Karabach: Wat sech alles hannert dem Konflikt verstoppt (Analys)
Kultur Neiegkeeten

Berg-Karabach: Wat sech alles hannert dem Konflikt verstoppt (Analys)

Wann sech zwou éischter kleng Natiounen an den Hoer leien,

Déi kulturell Mëttespaus

Déi kulturell Mëttespaus

D’Mëttegpaus mat engem Concert genéissen dat geet? Absolutt: Zanter 1983 organiséiert de Stater Tourismusbüro (LCTO) mat groussem Erfolleg seng Evenementer „Concerts de Midi“, a bitt alle Konschtinteresséierten an der Mëttegstonn en ofwiesslungsräiche Museksprogramm.

Hei fënnt jiddweree dat Richtegt an huet soumat d’Chance eng melodiéis Begéinung ze maachen. Et war jo 2020, wéinst dem verflixte Covid19 jo net méiglech dës Concerten ze organiséieren, a well een och nach et iwwer de Bierg ass, gouf sech aus Grënn vun der sanitärer Sécherheet entschloss, d‘Editioun 2021 integral an den Auditoire vum Stater Conservatoire ze verleeën. Dat mécht Sënn.

Den Zougang zu de Concerten, déi ëmmer eng Stonn daueren, ass nach ëmmer gratis, allerdéngs ginn d’Spectateure gebieden sech am Viraus unzemellen. Nëmmen esou ass et méiglech déi sanitär Sécherheetsmoossnamen ze garantéieren. Den Optakt hat et schonn ee Freideg mat „Nomad“ (Jazz – Weltmusek) ginn. Den nächste Rendez-vous ass den 11. Juni, hei spillt ACELGA Quintett, een däitscht Bléiser-Quintett, mat wierklech grousser Renommée. Wiem de Genre gefält sollt kommen.

Wann et richteg ass, datt de Conservatoire eng Déifbaugarage huet, esou lueden d‘Organisateuren hir Gäscht an, den ëffentlechen Transport ze notzen. Weider Informatiounen zu den Aktivitéite vum Stater Conservatoire fannt dir wéi gewinnt op hirer Internetsäit.

Erënnerung: Den Accès zum Concert ass gratis, mee et muss ee sech seng Plaz (si sinn aus Grënn gezielt) entweder via Telefon um 47 08 95 1 (vu Méindes bis Freides 10 Auer – 18.30 Auer) oder Online iwwert d‘Portal www.luxembourg-ticket.lu reservéieren.

Illustratioun: © Lain Cridland / unsplash

Related topics Concerts de Midi, Gratis, Kultur, LCTO, Stater Conservatoire
Next post Previous post