Search

You may also like

Weltdag vun der Fettleiwegkeet: Och zu Lëtzebuerg klëmmt d’Zuel vun de staark iwwergewiichtege Bierger
International Neiegkeeten

Weltdag vun der Fettleiwegkeet: Och zu Lëtzebuerg klëmmt d’Zuel vun de staark iwwergewiichtege Bierger

De Weltdag vum Fettleiwegkeet (World Obesity Day) fënnt all Joer

D’Séinoutrettung ze suspendéieren ass e Verbriechen un der Mënschheet
International Neiegkeeten

D’Séinoutrettung ze suspendéieren ass e Verbriechen un der Mënschheet

Mat der Decisioun d‘Patrullen um Mier vun der „Operatioun Sophia“,

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
International Neiegkeeten

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen

Säit Woche brennt elo de Reebësch am Amazonasgebitt. Dëst ass virun allem eng Katastroph fir déi indigen Vëlker, der hir Liewensgrondlag zu groussen Deeler am Feier venicht ginn. Och fir d’Flora an d’Fauna am Gebitt sinn d’Bränn bedreelech. D’Ofbrenne vum Reebësch ass awer kee regionalen oder kontinentale Problem, mee ee globalen.

Déi „gréng Long vun der Äerd“ produzéiert laut der Ëmweltschutzorganisatioun WWF ronn 20 % vum weltwäite Sauerstoff a stellt de gréisste CO2-Späicher vun der Welt duer. Am Kampf géint de Klimawandel ass e soumat signifikant.

An awer ginn et ëmmer méi Bränn am Gebitt: laut dem brasilianeschen Institut fir Weltraumfuerschung INPE solle si vun 2019 op 20129 ëm ronn 80 % zougeholl hunn. Grënn si virun allem d’Dréchent opgrond vun der verännerter Ökobilanz duerch groussflächeg Ofholzung, sou wéi déi oftmools illegal Brandrodungen. Spekulanten a Bauere leeë Bränn fir esou hire Landbesëtz illegal ze vergréisseren. Déi ultrarecht Regierung ëm de Jair Bolsonaro toleréiert dëst Virgoen.

Gläichzäiteg verhandelt d’EU ee Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten a Südamerika, an ënnerstëtzt d’Ofholzung soumat indirekt. Mam Ofbau vun „Handelshemmnisser“ – also den Douanne, sou wéi sozialen an ekologesche Standarts – soll de Wuerenaustosch weider ausgebaut ginn. Soumat gëtt nach méi Land fir de Sojaubau a Rëndsfleeschzuucht benéidegt an déi Reebëschofholzung monter viruschreiden.

Déi Lénk distanzéieren sech vun der Hypokrisie vun all deenen, déi sech just bestierzt iwwert d’Bränn weisen, awer gläichzäiteg ee Fräihandelsofkommes no deem aneren duerchwénken a soumat ëmmer weider Reegelen ofbauen, déi d’Aarbechter an d’Ëmwelt schütze sollen. Et entsprécht dem neoliberalen Zäitgeescht, datt d’Liewensgrondlag vun ëmmer méi Mënschen an Déieren op dem Altor vum Profit geaffert ginn.

D’EU muss ophalen, esou bilateral Fräihandelsofkommesen ze verhandelen a sech a Richtung vun enger multilateraler Handelspolitik orientéieren, déi héich sozial an ekologesch Standarts opstellt. Déi Lénk appelléieren an dem Kontext och un all am Lëtzebuerger Parlament vertruede Parteien, am Hierscht vum Fräihandelsofkommes mat Kanada – den immens kritiséierte CETA – net ze ënnerstëtzen.

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Amazonas, déi lénk, Jair Bolsonaro, Ofholzung, Reebësch
Next post Previous post