Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 6. Juni
Meenung Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 6. Juni

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

STATEC: 5,8% méi Stierffäll, wéi erwaart
Meenung Neiegkeeten

STATEC: 5,8% méi Stierffäll, wéi erwaart

Am vergaangene Joer goufen am Ganze 4.609 Stierffäll verzeechent. Op

Bleift mam Aarsch doheem!
Meenung Neiegkeeten

Bleift mam Aarsch doheem!

Wie mengt datt d‘Regierung nees alles iwwert den Domm gebrach

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst

Am Pafendall riets vun der Primärschoul zur Säit vun der Uelzecht, virum Terrain vun der aler “Schräinerei”, steet e grousst Schëld vun der belscher Promoterfirma ICN Development. Dat sinn déi selwecht, déi zesumme mat TRALUX immobilier a BESIX RED d’Terraine vu Villeroy&Boch opkaaft hunn an déi d’Fënsterschlass an der rue des Bains superluxuriéis renovéiert hunn.

Et schéngt, wéi wann och am populäre Quartier Pafendall d’Stater DP-CSV Majoritéit déi privat Promoteuren, meeschtens iwwer auslänneschen Invest, weider gewäerde léisst fir superdeiere Wunnraum ze schafen.

Dobäi ass e groussen Deel vun den Terraine ronderëm an ëffentlecher/kommunaler Hand. Do muss ee froen, firwat d’Gemeng dat zanter laangem eidelt “Schräineratelier”-Haus net selwer kaaft huet fir do an eegener Regie e koherente sozial- abordabele Wunnengsprojet ze realiséieren. An dat prioritär op lokativer Basis, fir zukünfteg Awunner an d’Stad ze zéien, respektiv déi bestoend Populatioun net weider duerch eng ëmmer méi grouss Gentrifizéierung aus der Stad eraus ze drängen.

Matgedeelt vun déi Lénk Stad

Opmaacherbild © Devn / Unsplash

Related topics Awunner, BESIX RED, déi Lénk Stad, Gentrifizéierung, ICN Development, Kritik, Pafendall, Promoteur, Terrain, TRALUX immobilier, Wunnraum
Next post Previous post