Search

You may also like

money
Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat
Neiegkeeten

Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat

Den US-Handelsministère huet e Freideg an enger Notiz wësse gelooss,

Presserevue: Kréinung vum Macron
Neiegkeeten

Presserevue: Kréinung vum Macron

D‘Investitur vum Emmanuel Macron als neien an jéngste President vu

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!
Neiegkeeten

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!

D’Queen Elizabeth II. feiert haut hiren 93. Gebuertsdag – a wat

déi Lénk: Humanitär amplaz militäresch EU-Baussegrenzen!

déi Lénk: Humanitär amplaz militäresch EU-Baussegrenzen!

déi Lénk veruerteelen d’Gewalt géint d’Flüchtlingen un der griichesch-tierkescher Grenz a fuerderen d’Europäesch Unioun dozou op hire mënschen- an asylrechtlesche Verflichtungen nozekommen.

Säit enger Woch empfänkt d’Europäesch Unioun Flüchtlinge mat Tréinegas a Blendgranaten un hirer Baussegrenz. No der Ëffnung vun de Landes- a Séigrenze säitens der Tierkei, versichen Dausenden iwwer Griicheland an d’EU ze kommen. Do gi si vun enger verstäerkter Police- a Militärpresenz zréckgedrängt. Op den inakzeptabelen Deal tëscht der EU an der Tierkei vun 2016 – den aus Krichsgebidder Flüchtend de facto a vëlkerrechtswiddreg d’Asylrecht an der EU ofgeschwat an d’Tierkei fir 6 Milliounen Euro zur Sécherung vun der EU-Grenz ugeheiert huet – ass dëst Woch d’Ukënnegung vu Griicheland komm, fir d’Beaarbechtung vun allen Asyldemandë fir ee Mount opzehiewen an an dëser Zäit méiglechst vill Mënschen an d’Tierkei zeréckzeféieren.

Wärend den Héichkommissär vun de Vereenten Natioune fir Flüchtlingen (UNHCR) dëse Prozess uprangert a Griicheland opfuerdert, op onnéideg Gewalt ze verzichten, lueft d’EU-Kommissiounspresidentin vun der Leyen Griicheland dofir, den „Aspida“ (Schëld) vun Europa ze sinn a versprécht dem Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis tat- a finanzkräfteg Ënnerstëtzung fir säi Virgoen. An der selwechter Woch, an där Griicheland ugefaangen huet géint de Wëlle vun der eegener Bevëlkerung nei befestegt an zoue Flüchtlingslager ze bauen, mobiliséiert d’EU militäresch Mëttel fir d’Grenzen ze versigelen.

Déi Lénk veruerteelen dëst Virgoe vu Griicheland an der Europäescher Unioun schaarf. D’Grond- a Mënscherechter vun de Flüchtenden an d’Verflichtung vun den europäesche Staaten hinne géigeniwwer sinn universell a kënnen net militäresch aus engem vermuttlechen Hoheitsgebitt ewech gehalen oder an e puer wéinegen Hotspots isoléiert ginn. Dofir verlaangen déi Lénk dëse Mënschen déi hinne moralesch a rechtlech Zuflucht ze ginn.

D’Dublin-Reegelen a Protokoller vum Europäeschen Asylsystem, virun allem zur Verdeelung vun de Flüchtenden, musse reforméiert ginn. All Staaten vun der Europäescher Unioun musse Flüchtender ophuelen an d’Aussestaaten humanitär, amplaz militäresch ënnerstëtzen. Amplaz mënschenonwierdeg Verhältnisser an den extrem iwwerfëllte griichesche Flüchtlingslager mat Gewalt ënner Kontroll ze halen, mussen dës Mënschen -iwwert een Drëttel vun hinne Kanner – iwwerall an der EU opgeholl an hir Demandë méi schnell beaarbecht ginn. Amplaz d’Grenzen, d’Lager an de Status Quo ze militariséieren a mat Milliarden Deal d’Allmuechtsvirstellunge vun autokrateschen Herrscher, wéi dem tierkesche President Erdogan, ze stäerken an ze finanzéieren, mussen humanitär Korridoren opgemaach an d’Flüchtlingslager mënschegerecht sanéiert ginn.

D’Schicksal vu Flüchtenden ass keng Fro vu Verwaltung, mee vu Verantwortung. Wien, wéi d’EU-Kommissiounspresidentin, ee „Schëld“ géint déi Flüchtend erbäilueft an dovu schwätzt, d’Baussegrenzen ze „schützen“, stellt déi Flüchtend als Bedreeung duer an niert domat Mënschenhaass a rietsextrem a rassistesch Gewalt, amplaz un d’Verflichtung vun all eenzelem vu senge Matmënsche géigeniwwer ze appelléieren. Géint dës Repressioun an dësen Haass ruffen déi Lénk zur Solidaritéit mat Flüchtenden op: #RefugeesWelcome!

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Asyl, déi lénk, Erdogan, EU-Baussegrenzen, EU-Kommissiounspresidentin, Europäesch Unioun, Flüchtling, Flüchtlingslager, Gewalt, Griicheland, Mënscherechter, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post