Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 31. August 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 31. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat
Neiegkeeten

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

D‘Ungarn haten zäiteg hir Demande agereecht, fir d‘Subventiounen aus dem

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang
Neiegkeeten

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

„Mir wäerte gesinn“ esou déi ongewinnt verhale Reaktioun vum Donald

Déi lénk rotéieren

Déi lénk rotéieren

Den 19. Mee sinn an der Chamber d‘Nathalie Oberweis an d‘Myriam Cecchetti vum President Fernand Etgen als Deputéiert vereedegt ginn. Mat hirem Anzuch an d‘Parlament erhéicht sech d‘Presenz vun den Dammen op 21 vu 60 Deputéierten.

Domadder hunn déi lénk hirem Rotatiounsprinzip Rechnung gedroen. De Marc Baum an den David Wagner hunn entspriechend der Satzung vun der Partei hir Mandater iwwerginn. Et ass dat elo wuel dat éischt nationaalt Mandat, dat vum Nathalie Oberweis an Myriam Cecchetti bekleet gëtt, woubäi see allebéid iwwert eng grouss politesch Erfarung verfügen.

Déi lénk rotéierenD‘Nathalie Oberweis © Chambre des Deputés

Si kommen zudeem aus eppes ënnerschiddlecher Kreesser: Esou ass d‘Nathalie Oberweis an engem éischter konservative Milieu opgewuess, zumindest war de Papp, Marcel Oberweis, laang fir d‘CSV an der Chamber. Hien huet säi Mandat 2018 ofginn. D‘Myriam Cecchetti hat sech laang bei den déi gréng engagéiert a war fir déi gréng zu Suessem siwe Joer am Schäfferot. Si huet awer 2017 d‘Säite gewiesselt, an iwwerhëlt elo an der neier politescher Famill Verantwortung.

Et dierf ee sécherlech de Rotatiounsprinzip u sech a Fro stellen, mee d‘Integritéit an d‘Engagement fir de politesche Programm an der Chamber ze vertriede sinn do. Si ginn och net, wéi plazeweis ugedeit an d‘kaalt Waasser gehäit ginn. Am Kontext vum Rotatiounsprinzip waren dës Dammen zu all ament an déi parlamentaresch Dossieren agebonnen, an rhetoresch hunn si et och drop. Si sinn eng Beräicherung fir da héicht Haus, a wäerte, wéi hir Virgänger der Regierung de Bass halen.

Déi lénk rotéierenD‘Myriam Cecchetti © Chambre des Deputés

Éischt Interventiounen huet et jo scho ginn, an hei ass schonn däitlech ginn, datt dës Dammen en eegene Kapp hunn, ouni mat der parteipolitescher Ausriichtung a Konflikt ze geroden. Et kann ee behaapten datt si d‘Interesse vun hirer Wielerschaft ze vertriede wëssen. Dat ass jo esou bei aneren eppes méi differenzéiert…

Foto: © Chambre des Deputés

Related topics Chamber, déi lénk, Myriam Cecchetti, Nathalie Oberweis, Rotatioun
Next post Previous post