Search

You may also like

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill
Neiegkeeten

Nach 2 Versich: Bitcoins am Wäert vun 181 Milliounen Euro stinn um Spill

Déi richteg Elementer zesummenzesetzen, fir den Jackpot ze knacken, ass

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden
Neiegkeeten

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden

An enger kuerzfristeg ugemellter Pressekonferenz huet de Bill Morneau säi

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht
Neiegkeeten

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

Smells Like Teen Spirit misst hautdesdaags jiddwerengem bekannt sinn. De

déi lénk si prett fir den Oktober

De Walhprogramm an d'Lëschte goufe virgestallt

déi lénk si prett fir den Oktober

De 14. Oktober si Wahlen, an no an no stellt all Partei seng Lëschte vir. Während verschidde Parteien do schonn e Krack mi wäit sinn, hunn nach di mannsten e Wahlprogramm. Dat ännert sech elo deelweis, well déi lénk elo net nëmmen d’Lëschte mat hir 60 Kandidaten verëffentlecht hunn, mee och e komplette Wahlprogramm. Eng éischt Versioun dovunner  war scho viru Woche public gemaach ginn, mee do hunn nach e puer Kapitel doranner gefeelt.

De Wahlprogramm gesäit mat senge ganzen 22 Kapitelen net nëmme relativ komplett aus, mee en ass och iwwersiichtlech. Déi eenzel Punkte si mat fett gesate Passagen schnell ze fannen. Nieft den übleche Verdächtegen huet een och e Kapitel zur internationaler an zur Europapolitik dra gesat. Do gëtt, wéineg iwwerraschend, d’Opléisung vun der NATO gefuerdert. Mee och déi aktuell Oprëschtung déi de Groussherzogtum aktuell bedreift, gëtt hei kritiséiert an et soll dem en Enn gesat ginn.

Wien sech selwer gären en Iwwerbléck verschafe wëll, dee kann dat op hirem Site maachen.

 

Related topics Chamberwahlen 2018, déi lénk, Lëtzebuerg
Next post Previous post