Et gëtt sech op déi nächst Tripartite virbereet

Um Dënschdeg huet sech den nationale Comité vum OGBL getraff fir sech op déi nächst Tripartite virbereeden. Et goung natierlech och an dëser Ronn ëm de Covid19, seng sozial Folgen an d‘Aart a Weis wéi gewësse Leit mam Demonstratiounsrecht an der Meenungsfräiheet ëmginn.

Fir d‘Presidentin vun der gréisster Gewerkschaft zu Lëtzebuerg, war an ass déi epidemiologesch Situatioun „komplizéiert“. Den OGBL als Gewerkschaft géif sech net a sanitär Froen amëschen, dat wier net hir Aufgab, mee déi vun der Wëssenschaft, de Virologen a soss Experten. Et wier eréischt, nodeems sech d‘Moossnamen op d‘Aarbechtsrecht ausgewierkt hunn, datt een Aktiv ginn ass.

Beim OGBL huet een et dann och bis ewell nach net wierklech verquësst, datt d‘Regierung ouni sech mat de Sozialpartner ze beroden, eegemächteg entscheet huet, d‘Patronat aus dem „Privaten“ an d‘Direktere vun den ëffentleche Verwaltung ermontert huet de CovidCheck op der Schaff fir d‘Salariéeën anzeféieren. Si hunn zesumme mat der CGFP an dem LCGB, missen aktiv ginn.

D‘Nora Back, déi jo och nach de Virsëtz vun der Salariatskummer (CSL) huet bléckt op déi rezent Verhandlungen, déi als Covid19-Tripartite sollten an d‘Annalen agoen, zréck an zitt ee positive Bilan vun den iwwer Deeg ewech gefouerte Verhandlungen. Et hätt elo ee klore legislative Kader an d‘Gewerkschaften hätte Garantien erhalen. Alles awer konnt net zu Senneng duerchgesat ginn.

Gutt, wichteg wier jo emol, datt kee wéinst dem „CovidCheck“ dierft entlooss ginn, datt soll esou och schrëftlech festgehale ginn. Net manner wichteg, et soll och kee seng Affiliatioun bei der CNS verléieren. Wat net méiglech war: de gratis PCR-Test (zertifiéiert w.e.g.) duerchzesetzen, net emol fir déi Menage wou d‘Pai/d‘Akommes oft just fir de Loyer an dat „néidegst“ kann opgewannt ginn.

Et soll een se net an een Dëppe geheien, mee wéi geet ee mat deenen ëm, déi fräiwëlleg an dëst Dëppe sprangen?

Mee esou sinn d‘Reegele vun enger liberal ausgeriichter Politik, an där de Maart jo d‘Problemer vu besonnesch de sougenannt sozial Schwaache reegelt. Eng Politik déi dann dës Mënschen derzou ermontert, sech geféierlechen Discoursen unzeschléissen. Et si Leit déi deem nolauschteren, wat si grad wëllen héieren, sech an hirer Blos aspären a leider näischt an dëse Kreesser a Fro stellen.

Fir d‘Nora Back ass et elo wichteg uecht ze doen, datt een trotz Gewalt an Asaz vu Vergläicher aus der Nazi-Zäit, d‘Manifestanten net all an een Dëppe pucht. Dat awer ass dann nees net esou einfach, wëll wou sollt ee feststellen, datt Mënschen déi rietsradikale Brandstëfter nolafen, hinnen un de Lëpsen hänken an d‘Randaléierer net vu Gewaltverbreedung ofhalen, friddlech Absichten hunn.

Och bannent de Gewerkschafte sollt engem d‘Maxime „Wehret den Anfängen“ geleefeg sinn, a méiglecherweis sollte grad d‘Gewerkschafte, sech ganz kloer vun de Matleefer distanzéieren. Hei nëmme mam Fanger op eng stéierend Minoritéit ze weisen an sech drop ze behaapten, datt all déi aner eng ganz aner ideologesch Ausriichtung vertrieden, ass schlicht net plausibel oder kredibel.

Dat gesot dann nach den Hiwäis, datt den OGBL endlech d‘Aluedung zur Tripartite erhalen huet. Déi soll matten an der Budgetswoch stattfannen, wat wuel och esou seng politesch Grënn an/oder Motivatiounen dierft hunn. Et wäert een, esou d‘Nora Back, awer déi seriéis Themen, wéi Kafkraaft a Familljenzoulagen, d‘EU-Direktiv fir en europäesche Mindestloun an d‘Energiepräisexplosioun.

Logement a Steiergerechtegkeet dierften zwee wieder „Sträitpunkte“ vun dëser Tripartite sinn. Dat si Punkten, wou sech déi dräi Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL, sollten eens sinn. Si ginn hei awer och dovunner aus, datt d‘Patronat wäert mat eegene Fuerderungen an des Tripartite antrieden. Déi hu jo bekanntlech och Doleancen, déi vun der Regierung musse/solle berécksiichtegt ginn.

Dernières nouvelles