Search

You may also like

Nei Verkéiersluuchte fir d’Tunnellen: Chantier op der A7 a Richtung Neiduerf (22.-24.05.2021)
Neiegkeeten

Nei Verkéiersluuchte fir d’Tunnellen: Chantier op der A7 a Richtung Neiduerf (22.-24.05.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt d’Verkéiersluuchte vun den Tunnelle Grouft a

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn
Neiegkeeten

De Strofvollzuch zu Schraasseg muss hannerfrot ginn

Um Spéide Freideg Owend ware mir informéiert ginn, datt et

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 7
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 7

[onionbuzz quiz-id=55][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm e puer

Déi nei Baby Info ass do!

Déi nei Baby Info ass do!

Déi zweet Baby Info vun der Initiativ Liewensufank ass endlech eraus. Dës Ausgab bezitt sech op den Hierscht a Wanter. Dës Elterenzeitung erschéngt zweemol am Joer an thematiséiert alles wat Puppelcher, Elterenschaft a Schwangerschaft betrëfft.

Dës Kéier dréit sech villes ëm 3-Mount-Kolliken an d’Hiewannen, ouni déi Mammen (an och Pappen) dacks verluer wären. Interessant ass och, datt Zeitung en Erfarungsbericht vun enger Mamm verëffentlecht huet, déi en intergeschlechtlecht Kand huet.

Wann Iech interesséiert ewéi Mammemëllech produzéiert gëtt – hei fannt Dir d’Äntwert drop. An traue mir onse Kanner genuch zou? Wéi kënne mir se encouragéieren? An e gesond Selbstbewosstsinn mat op de Wee ginn? Ewéi gesäit et mat der Empathie aus? Kënne mir déi fërderen? D’Artikele sinn nawell léierräich. An informativ.

Et si souguer ënnerschiddlech Bichervirschléi a Kannerbicher fir zukünfteg Gesëschter ronderëm d’Elterenschaft an d’Familljeliewen an der Baby Info ze fannen.

Natierlech sinn och Reklammen dran ze fannen, ma och hei dréit sech alles ronderëm den Nowuess an seng Elteren. Se kënnen nawell nëtzlech sinn.

Wann Dir Froen zum Stëllen, zur Erzéiung a Krisen hutt, kënnt Dir Iech un d’Babyhotline ënnert der Telefonsnummer 36 05 98 wenden. Et gëtt fir alles eng Berodung – och wann Dir net eens mat engem Kannerverloscht gitt. Dës E-Mail-Adress kann och weiderhëllefen: berodung@liewensufank.lu.

Ausserdeem bitt d’Initiativ Liewensufank och speziell Leeschtungen un; eng intensiv Begleedung am éischte Liewensjoer, se ass awer net obligatoresch.

Et ginn allerlee Aktivitéiten ugebueden, op jiddwer Fall ass d’Offer grouss – et gëtt ënnert anerem Yoga, Gebuertsvirbereedung an éischt Hëllef ugebueden.

D’Zäitschrëft ass zweesproocheg – op Däitsch an op Franséisch, et sinn awer och vereenzelt englesch Artikelen ze fannen. Dir kënnt se online eroflueden, de Moment ass se duerch d’Covid19-Situatioun net iwwerall a Papeierform ze fannen. Virwëtzeg?

Ma et lount sech – et léiert een nach sou munches dobäi!

https://www.liewensufank.lu/de/baby-info-magazine/

Related topics Baby Info, Babyhotline, Initiativ Liewensufank, Zäitschrëft
Next post Previous post