Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,
Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,
No der ëffentlecher Unhéierung vum 21. Juni, am Bezuch op
Veréierer vun de beléiften US-Maschinnen a Besëtzer vun engem historeschen
Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter vu CFL-Cargo, Fränz Benoy, am Gesiicht ofgesinn. An den Event ass esouwuel historesch wéi wirtschaftlech relevant, och wann se dat zu Washington alt nees dierften eppes méi kritesch gesinn. Wéi och ëmmer, d‘USA ware gëschter net invitéiert, fir derbäi ze sinn, wéi den Test-Zuch sech op de Wee a Richtung Chengdu gemaach huet.
Dësen éischten Zuch vun der „Seidestrooss“ mat China, gëtt den 19. Abrëll zu Chengdu erwaart, a wann alles wéi virgesinn ofgelaf ass, kéint et schonn ab dësem Summer zu enger „regulärer“ Liaisoun tëscht dem Container-Terminal vu Beetebuerg a Chengdu kommen. Dat ass zumindest de Gedanken deen hannert dësem Projet steet, an d‘Handelsbezéiunge mat China sinn eppes Gutts.
Esou gesäit dat och de CFL-Generaldirekter Marc Wengler, dee sech wéi all seng Mataarbechter, fir dës Expressverbindung agesat huet. Aus gesondheetleche Grënn huet de Justizminister Felix Braz (déi gréng) zu Beetebuerg de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng) vertrueden. A wéi net anescht ze erwaarden huet hien déi „Bréck“ tëscht China a Lëtzebuerg begréisst. Geet dach…
Déi éischt Adjointe vum Buergermeeschter vu Chengdu huet e puer Wierder zur Stad an der Provënz gesot. D‘Provënz Sechuan spillt eng gréisser wirtschaftlech Roll. D‘Stad Chengdu ass besonnesch fir eng Performancen an de beräicher Elektronik a Héich-Technologie renomméiert, mee verfüügt och iwwert eng kompetent a zouverlässeg Finanzplaz. Also bal alles wéi bei eis.
Bei allem Luef dierf een net aus den Ae verléiere, datt et gëschter awer emol an éischter Linn drëms gaangen ass déi éischt Expressverbindung tëscht China an der EU ze inauguréieren. An dësem Kontext huet de Marc Wengler eng Bréck zur Cargolux geschloen, hire Slogan „The Heart of Europe“ an d‘Wo geluecht, an op déi ganz erquicklech Erfolleger vu Lëtzebuerg higewisen.
Wat den Trajet betrëfft, esou muss een awer drop hiweisen, datt och wann d‘Schinne vun engem Wupp bis zum anere ginn, déi net iwwert de ganze Wee déi selwecht Spurbreet huet. Et muss 2 mol ëmgeluede ginn. Eng éischt Kéier op der Grenz zu Wäissrussland, an dann nees op der chinesescher Grenz, wéi vun der Strategie-Direktesch vu CFL-Multimodal, Barbara Chevalier erkläert ginn ass.
Foto: © CFL-Multimodal