Search

You may also like

Zur Petitioun elo och e Video!
International Neiegkeeten Stories

Zur Petitioun elo och e Video!

D‘Biergerinitiativ Areler Strooss gouf wéinst der „Neigestaltung“ vum Gelänn „Stade

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet

Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet

Sexismus a Belästegung: De Fall Pierre Ménès
International Neiegkeeten Stories

Sexismus a Belästegung: De Fall Pierre Ménès

De Fussballkolumnist Pierre Ménès ass schockéiert a beonrouegt iwwert d’Enthüllunge

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn

D‘Walen an den USA si Geschicht an a 14 Deeg sollen de Kongress an de Senat dann och bestätegt hunn, datt de 77 järege Joe Biden de 46. President vun Amerika ass. Hie léisst dee gréissten Held an der politescher Geschicht vun den USA of, an huet d‘Missioun fir eppes Rou ze suergen. Dofir huet sech den „ale wäisse Mann“ mat enger Ekipp ëmginn, déi d‘Aufgaben ze bewältegen huet.

Elo dierft et schwéier ginn, eng nach méi schlecht Politik wéi déi vum Donald Trump ze maachen, op et de Bierger an den USA wierklech ka besser goen, entscheet allerdéngs net den US-President, an Amerika ass et d‘Wirtschaft, déi dat reegelt. Dat gewosst, sollt een scho begréissen, datt de Joe Biden versprach huet d‘Regierung entspriechend der Representativitéit am Land opzestellen.

Woubäi Kritäre wéi: Hautfaarf, Relioun, sexuell Orientatioun, soziale Statut, net als Attributer vun der Representativitéit ze bewäerte sinn. Aarm Mënsche kann de Joe Biden genau esou wéineg leide wéi säi Virgänger – wann da sollt erwise sinn, datt dësen d‘Wal tatsächlech verluer huet – an de Senat, deen d‘Mandater vun de Kandidate muss bestätegen, haasst de Geroch vun Aarmut och…

Aus Privilegien eng Kastegesellschaft maachen

Notéiere mir hei nach kuerz, datt kee vun de Kandidaten déi den Joe Biden a seng Regierung hëlt, zur Wal gestanen huet, mee een dës aflossräich Spillfiguren um politesche Schachbriet, duerchaus als „Profie“ bezeechne kann. Gutt och si vertrieden als éischt hir eegen, dann der Partei hir an wann nach Sputt sollt iwwreg bleiwen, och de Bierger am Land hir Interessen. Dat dann awer selektiv.

D‘Vizepresidentin ass bekannt: et handelt sech hei ëm d‘Kamala Harris, déi éischt „faarweg“ US-Vizepresidentin. Ugesiichts dem héijen Alter vum méiglecherweis 46. US-President, huet dës Vetriederin vun de „Räichen a Schéinen“ och eng ganz realistesch Chance drop, déi éischt US-Presidentin ze ginn. A jo, bei engem Mann deen der 78 ass, wann hie Presi gëtt, dierf een dat soen.

Als Ausseminister wëll den Joe Biden säi Beroder den Antony Blinken (58) nominéieren. Dat ass e Frënd vu der multilateraler Kooperatioun, huet Erfarung als Sécherheetsberoder a war vun 2015 bis 2017 stellvertriedenden Ausseminister. Seng primär Missioun wier et, déi vum Donald Trump a senger Ekipp agefouert aussepolitesch Strategie ze iwwerdenken a wuel och ëmzekrämpelen.

Et brauch och Hënn déi gewëllt sinn ze bäissen

Interessant ass de Choix vum Minister fir bannenzeg Sécherheet. Dat Mandat soll vum Exilkubaner Alejandro Mayorkas (60) iwwerholl ginn. Himm gi gutt Kontakter zu kubanescher Communautéit nogesot, säin „Antikommunismus“ ass mat der Mammemëllech unerzunn. Ënnert dem Obama schonn als stellvertriedenden Heemechtschutzminister ënnerwee, soll hien d‘Migratiounskris léisen.

Frae kënne gutt mat Geld ëmgoen, dat ass dem Joe Biden bekannt, et dierft awer net den eenzege Grond sinn, firwat hien déi fréier Presidentin vun der US-Noutebank Janet Yellen (74) a sengem Team wëll hunn. Eigentlech ee Fall fir d‘Geriatrie, wier si allerdéngs an der US-Geschicht, déi éischt Fra déi de Posten als Finanzministesch ausfëlle géif. Kéint also eng spannend Saach ginn…

Och a Froe vu „Mord an Doudschlag“ ass dat weiblecht Geschlecht um Virmarsch. D‘Michèle Flournoy (59) war scho Staatssekretärin am Pentagon an huet esou Pazifiste wéi de Robert Gates an/oder de Leon Panetta beroden. Si huet awer Konkurrenz: esou de Jeh Johnson (63) an d‘Tammy Duckworth (52) déi Krich esou cool fënnt, datt si 2004 direkt hir Been am Irak gelooss huet.

Blouss kee vergiessen oder ausloossen

Beim Justizminister schéngt den Jo Biden nach net sécher. Den Doug Jones (66) huet zwar als Procureur de Ku-Klux-Klan viru geriicht geholl (et ass ëm en Attentat op eng Kierch gaangen, woubäi dësen 1963 stattfonnt hat an et divergent Meenungen zum Urteel gëtt). D‘Sally Yates (60), den Tom Perez (59) an de Xavier Becerra (62), stinn och zur Auswiel. Hei bleift et spannend.

De fréieren US-Ausseminister John Kerry (77), eigentlech ee weidere geriatresche Patient, soll zum Sonnerbeoptraagte fir de Klima bannent dem nationale Sécherheetsrot ginn. De Jake Sullivan (43), e „Vertraute“ vum Hillary Clinton, gëtt nationale Sécherheetsberoder. D‘Linda Thomas-Greenfield (68) soll UN-Ambassadrice an d‘Avril Haines (51) Cheffin vun de Geheimdéngschter ginn.

mat indymedia/was

Illustratioun: © Jonathan Ybema / unsplash

Related topics Demokraten, Joe Biden, Regierungsekipp, US-Administratioun, USA
Next post Previous post