Déi richteg Chrëschtbeliichtung a wat ze beuechten ass

Passend zur wanterlecher Feierdagsstëmmung ass et d’Beliichtung bannen a baussen déi eng heemeleg Atmosphär kreéiert an déi kal donkel Joreszäit e Stéck méi schéi mécht. Op e puer Saache sollt een allerdéngs oppassen.

Esou weist den Naturpark Öewersauer drop hin, datt ee scho beim Kaf drop oppasse sollt waarm Luuchten ze kafen. Dës solle wéineg Blo-Undeel hunn, also ënner 3000° Kelvin leien, oder och sougenannt Amber-LEDs sinn. Eng waarm Beliichtung huet net nëmmen eng berouegend Wierkung, mee ass och besser fir déi biologesch Auer.

Déi richteg Chrëschtbeliichtung
© Kevin Fitzgerald / unsplash

Zousätzlech soll d’Beliicht esou placéiert ginn, datt se weder bei den Noper eriwwer liicht, nach an den Himmel straalt. Déieren an Insekten brauche schliisslech d’Däischtert vun der Nuecht an orientéiere sech oft un de Stären. Besonnesch Insekten kënnen oft guer net méi vun eise Liichtkeegele fort kommen a stierwen un Erschöpfung.

Ma, dofir ass et och rotsam d’Beliichtung just temporär anzesetzen. Hei lount sech en Zäitschalter oder Beweegungsmelder.

Fir bannen gëtt et jo souwisou näischt méi Schéines, wéi Käerzen, „Dës hunn dacks nach méi Charme a loossen a Kombinatioun mat selwer gebakene Kichelcher wonnerbare Chrëscht-Feeling opkommen“, schreift den Naturpark. Et sollt een se just net onbeobacht brenne loossen an oppassen, se net bemol ëmzestoussen. Ma, esou kann näischt méi schif goen!

Dernières nouvelles