Gëschter hunn de François Bausch, Vize-Premier an Transportminister, an de Paul Hammelmann, President vun der Asbl Stroossesécherheet, déi nei Sensibiliséierungscampagne „Déi schéin Aktioun“ presentéiert. A7 Episoden gëtt op verschidden Theemen agaangen, déi fir eiser aller Sécherheet op der Strooss bäidroe sollen.
Generell sinn et eng ze héich Vitess an/oder den Afloss vun Alkohol, wouduerch uerg Accidenter provozéiert ginn. Glécklecherweis kann ee soen, datt zënter 2013 d’Accidenter manner déidlech ausfalen. Ma, ëmmer méi oft ass et mëttlerweil och déi feelend Opmierksamkeet, duerch d’Ongléck säi Laf hëlt.
D’Strooss gehéiert eis all
Ob Automobilist, Cyclist oder Foussgänger, jiddereen ass dru bedeelegt op der Strooss Respekt, Versteesdemech a Virsiicht matzebréngen. Zil vun der Campagne ass dofir e respektvollt Mateneen op der Strooss, sech u kleng awer wichteg Gesten z’erënneren déi zur Sécherheet bäidroen a weisen, wéi wichteg Opmierksamkeet ass.
Mat „Déi schéin Aktioun“ gi 7 Videoen zu verschidden Theemen verëffentlecht:
Oflenkung duerch den Handy bei de Foussgänger
Oflenkung hannert dem Steierrad
Den Asaz vum Winker
Den Notze vu siichtbarer Kleedung
Sécherheetsofstand
Gefore vum doudege Wénkel
D’Kombinatioun aus Schëllerbléck, Winker umaachen a Sécherheetsofstand
D’Campagne start haut a gëtt iwwert de Fernsee, de Radio, (sozial) Medien an op den Ecranen vun Tram a Bus gewisen, dat op dräi Sproochen (LU, FR, EN). Nach bis den 10. Dezember 2021 dauert d’Initiative a wäert am Februar 2022 nach emol opgegraff ginn.