Search

You may also like

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land
Neiegkeeten

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Si sinn déi grouss Gewënner vun de Chamberwahlen 2018. Zéng

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft
Neiegkeeten

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Bei enger Schéisserei zu Jersey-City hu sechs Mënschen hiert Liewe

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“
Neiegkeeten

Buergermeeschter vun Ostende: „Bei eis ass all Mënsch wëllkomm!“

Am „Le Soir“ ass den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zitéiert

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

Eng Konferenz vum SIAS mam Pierre-Hubert Andrieux, en Imker aus der Belsch

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber an der Planzewelt an dréit zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäi. An engem bestänneg evolutiven Ëmfeld, ass den Erhalt vun dëser Spezies immens wichteg. Dofir mussen all Beienaarten, och déi schwaarz Bei, onbedéngt geschützt ginn. De Pierre-Hubert Andrieux weess wourüems et geet.

Iwwert de wirtschaftlechen Notzen, wéi och d‘Spezifizitéite vun der schwaarzer Bei (Apis melifera melifera), gëtt am Kader vun der genannter Konferenz geschwat. Déi fënnt statt, dësen 28. Juni um 18 Auer am Gebai vun der LUXAIR-Grupp (25 Gabriel Lippmann Strooss zu Mënsbech). Organiséiert gëtt d‘Konferenz vum SIAS mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vu LUXAIR-Grupp.

Aus organisatoresche Grënn ass et wichteg sech unzemellen. Dat muss virum 21. Juni via e-Mail un conference.abeilles@luxairgroup.lu gemaach ginn.

Matgedeelt vum SIAS (Syndicat intercommunal à vocation multiple – Station Bilologique)

Foto: Yann Audrain a Cédric Ouary, UNAPLA

Related topics Aarteschutz, Apis melifera melifera, Beien, Ëmweltschutz, Imker, Pierre-Hubert Andrieux, Planzewelt, schwaarz Bei, SIAS
Next post Previous post